|
Seminaristewoch 2015Dieses Jahr unter dem Motto « Ordensleben »Das gemeinsame dreitägige Seminarwochenende 2015 der Luxemburger Seminaristen fand dieses Jahr unter dem Motto „Ordensleben“ statt. Das spannende Leben der Heiligen Teresa von Avila
Nach dem spannenden Vortrag von Pastoralreferentin Milly Hellers über das Leben der Heiligen Teresa von Avila, aßen die Seminaristen des Luxemburger Priesterseminars gemeinsam mit ihrem Regens Abbé Patrick Muller, P. Josy Birsens S.J. (geistlicher Begleiter), sowie Pastoralreferentin Milly Hellers auf der „Schueberfouer“ beim Traditionsunternehmen „Joslet“ zu Mittag. Besuch der Karmelitinnen im Kloster der Dreifaltigkeit in Plappeville nahe Metz (F)
Eine Karmelitin brachte im sehr persönlichen Zeugnis die Berufung zum Ordensleben näher.
Vincent Besuch in der Abtei Saint Maurice in ClervauxAm Samstag, dem 29. August besuchten wir die Abtei Saint Maurice in Clervaux. Nach einem Vortrag zum Thema Spiritualität des geweihten Lebens und unserer Teilnahme an der besinnlichen Liturgie verabschiedeten wir uns am Nachmittag nach dem Kaffee mit dem gastfreundlichen Abt und fuhren zum Dechanten von Clervaux. Daniel
Datt Klierf, wat d’kathoulescht Liewen ugeet, net nëmmen d’Abtei um Bierg ass, krute mer am Nomëtte vum Deche Josy Roemen a vum Paschtouer Jempi Schuller gewisen. Mir si bei d’Loreto-Kapell getrëppelt, déi am Moment restauréiert gëtt. Duerno goung et an d’Parkierch vu Klierf. Dat war eise sportlechen Deel vum Weekend. De Präses wollt nach méi wäit trëppelen, wat iewer net méiglech war, well de Programm sollt weidergoen.
No der Vesper goung et zréck an d’Dechenshaus op Klierf, wou mer de Jempi erëmbegéint hunn, deen an där Zäit eng Mass an eng Daf gefeiert huet. De Jempi war jo nach d’lescht Joer Seminarist an hat och een Dag mat äis an der Pastoralregioun Osten verbruecht. Natierlech huet et äis interesséiert, gewuer ze ginn, wat sech a sengem Alldag duerch d’Priisterwei geännert huet. E grousse Merci un den Deche Josy Roemen an de Paschtouer Jempi Schuller fir den Abléck an hire Parverband. Yves D’Geschicht vun der Gesellschaft Jesu zu Lëtzebuerg
Nodeems 1773 vum Clemens XIV. den Uerden opgeléist gouf, hunn d’Jesuiten och zu Lëtzebuerg alles missen opginn, wat se haten (sou ass z.B. de Kolléisch an de Besëtz vun der Stad an dono vum Staat iwwergaangen). Nodeems de Pius VII. 1815 d’Jesuiten erëm rehabilitéiert hat, huet et dunn awer nach un der antiklerikaler Gesetzgebung zu Lëtzebuerg gehaangen, dass et nach bis 1895 gedauert huet, bis eng éischt nei Communautéit sech konnt am Garer Quartier grënnen. 1898 huet sech eng gréisser Gemeinschaft am Schrëftstellerheem Bellevue, dem aktuellen Lycée Technique des Arts et Métiers niddergelooss. 1911 huet den Uerden d’Schrëftstellerheem aus finanzielle Grënn missen opginn an d’Jesuiten hunn deelweis d’Land verlooss oder sinn an der Faïenceriestrooss um Lampertsbierg ënnerkomm. No dësem Intermezzo hu se sech dunn an e ganz neie Quartier vun der Stad zeréck gezunn : de Belair. Souguer an de Publikatioune vun der däitschsproocheger Provenz vun de Jesuiten (zu deeër Lëtzebuerg deemools gehéiert huet), gouf doriwwer de Kapp gerëselt. Mee d’Jesuiten hate Recht. De Belair war deemools wéi haut en opstriewende Quartier an huet vill vun der Aarbecht vun der Gesellschaft Jesu profitéiert. 1932 gouf dunn d’Kapell vum Christ-Roi, déi aus eegene Mëttele finanzéiert a gebaut gouf, feierlech konsekréiert a Christus dem Kinnek geweit. D’Christkinneks-Frëmmegkeet ass relativ jonk. D’Fest vu Christus dem Kinnek gouf 1925 duerch de Pius XI. an de liturgesche Kalenner opgeholl. Dës Frëmmegkeet huet hir Glanzzäiten an den 20er an 30er Jore vum 20. Joerhonnert – enger Zäit wou ëmmer méi Kinnek- a Keeserräicher ënnergaange sinn – erlieft. D’Kapell ass no de Pläng vum jonken Architekt Hubert Schumacher gebaut ginn. Hien huet och an der zweeter Halschent vun den 30er Joren zu der Vergréisserung vun der Kathedral bäigedroen a war e gudde Frënd vum Mgr. Lommel.
Jacques |