|
En Temoignage vum Nico WaterlooWat dir fir ee vun deene mannste vu menge Bridder gemaach hutt, dat hutt dir fir mech gemaaach (Mt 25, 40)2 Froe kréien ech ëmmer erëm gestallt, an zwar: 1) Wat ass eegentlech een Diakon? – woubäi ech bedaueren, datt dës Fro nach ëmmer no 30 Joer muss gestallt ginn… 2) Firwat bass du Diakon ginn? Fir dat Ganzt méi kloer auszedrécken, wëll ech mat der zweeter Fro ufänken: Ugangs den 1970er Joren hunn d’Doktere bei mir een eeschten Diagostik gestallt: d’Gefor fir de Rescht vu mengem Liewen am Rollstull ze verbrengen wor grouss an esou koum ech an d’Ausland an eng spézialiséiert Klinik a konnt dës no e puer Méint an engem stabiliséierten Zoustand verloossen. Mee do huet dee Misär, deen ech do gesinn hunn, mech net onberéiert gelooss. An der Aumônerie vun dëser Klinik hunn ech mech engagéiert, esou gutt, ewéi ech konnt an no verschiddene Gespréicher, ë. a. mat der Famill, mat gudde Frënn, verschiddene Geeschtlechen an de Verantwortleche vum Bistum hunn ech décidéirt fir Diakon ze ginn. An esou koum et, datt ech als éischte Kandidat an der Diözes, meng Kandidatur fir de Stännegen Diakonat gestallt hunn. No verschiddene Studien, Formatiounen a Praktika gouf ech den 18. Dezember 1983 vum deemolege Bëschof vu Lëtzebuerg, dem Mgr. Jean Hengen, an der Porkierch vun Hollerech zum zweete Stännegen Diakon fir eis Diözes geweit. No mengem Stage an der Eecher Klinik, deen den 23. Juli 1980 ugefaang hat, sinn ech do an der Krankeseelsuerg bis 2012 bliwwen. Wat Ufanks als Stage vun 3-6 Méint geplangt war, huet schliisslech net grad 32 Joer gedauert. Donieft war ech och a verschidene Poren, an der Telefon- a Polizeiseelsuerg, der Trauerbegleedung, a verschiddene Schoulen, ë. a. bei behënnerte Matmënschen a nach haut bei de Studentinnen a Studenten an de bescheefleche Konvikter heiheem an am Ausland am Asaz gewiescht. Kee Lieweswee geet schnouerriicht an dat war bei mir net anescht: an esou gouf et och Héichten an Déiften, déi mat der Hëllef vum Härgott iwwerwonnne konnte ginn. Uechter di ganz Zäit, an dat bis haut, huet mech ee Bibeltext haaptsächlech begleet, dee fir mech Leitmotiv an Orientéierung bliwwen ass: et ass d’Evangelium iwwert dat lescht Geriicht (Mt 25, 31-46), wou et do heescht: „…ech war krank, an dir sidd mech (resp. net) besiche komm, ech war am Prisong an dir sidd (net) bei mech komm …an hien äntwert hinnen: …wat dir fir ee vun deene Mannste vu menge Bridder gemaach hutt, dat hutt dir fir mech gemaaach.“ Doraus huet sech och d’Verständnes vum Diakonenamt fir mech selwer erginn: Den Diakon als „Bindeglied“ tëschent der Kierch an de Randgruppe vun eiser Gesellschaft, fir di Gutt Noriicht an di gelieften Nächsteléift och bei si ze droen. Domat ass och – fir mech perséinlech – d’Fro „wat ass een Diakon?“ beäntwert. Natierlech ass och den Diakon der Gefor ausgesat, selwer méi un de Bord gedrängt ze ginn. Duerch Gebiet a Spiritualitéit (der spezifescher Diakonespiritualitéit) an d’Matfeiere vun de Gottesdéngschter an der Par fillen ech mech gedroen an der Léift vum Härgott. Trotz de Krisen, Problemer a Réckschléi géif ech dee Wee – mat der Hëllef vum Härgott – nach eng Kéier ënnert d’Féiss huelen. Sécher géif ech dat eent oder anert dobäi anescht ugoen, mee wéi soen d’Pilger, déi ënnerwee sinn um Jakobswee: „De Wee ass d’Zil!“. An nach eppes aneschters hunn ech dobäi dierfen erliewen, datt dat däitscht Spréchwuert „Gott schreibt auch auf krummen Zeilen gerade“ a mengem Liewe Wierklechkeet ginn ass. Nico Waterloo |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement