Services
 

Meditatioun: Diakon si mam Franz vun Assisi

Veillée virun der Diakonewei 27.01.2017

Léif Weiekandidaten,
léif Fraen, Kanner a Famill vun dëse 5 Männer,
léif Schwësteren a Bridder alleguer,

moies an owes, wann ech an der Avenue Monterey aus bzw. am Boulevard Royal an de Bus klammen, dann huet sech déi letzt Wochen e ganz besonnecht Bild gebueden. De riesege Chantier vum Projet Royal Hamilius huet sech virun der Post an de Buedem gefries, fir déif a fest Fënnementer ze leeën an et sti schon 3 Kranen do, fir datt elo op dës Fënnementer opgebaut ka ginn. A jhust niewendrunn stung e Bagger mat engem langen Aarm, deen d‘Bürosgebäi vun der BGL-BNP-Paribas ofgerappt huet. Aales gëtt ofgerapt, Neies gët opgebaut…

Genau dat hu mer och lo grad an der Liesung aus dem Epheserbréif héieren, wann et do op däer enger Säit heescht: Er – Christus – vereinigte die beiden Teile (Juden und Heiden) und riss durch sein Sterben die trennende Wand der Feindschaft nieder; an et op däer anerer Säit vun deemselwechte Christus heescht: Durch ihn werdet auch ihr im Geist zu einer Wohnung Gottes erbaut. Néieräissen an Opbauen mat Christus als Chef-Chantier, dat ass e Bild do wuel nët nëmmen dem Jean-Paul vu Ponts et Chaussées ka gefallen!

Néieräissen an Opbauen, dat huet och d’Liewen vum hellege Franziskus geprägt, bei deem mer souzesoën haut den Owend däerfe Gaascht sin. Obwuel et nët honnertprozenteg gesëchert ass, sou ginn awer vill Franziskusfuerscher dovunn aus, datt hien d’Diakonewei emfangen huet. Hien ass also ee vun Äere Matbridder.

Dir kennt alleguerten d’Erzielung, wéi de Jong aus räichem Haus, „un faux riche au coeur vide“, wéi een vun Iech a séngem Témoignage geschriwwen huet, op der Sich no engem Sënn a sengem Liewen, virum Kräiz vu San Damiano d’Stëmm vum Gekräizegten héieren huet: „Franziskus, gesäis de nët, datt mäin Haus zerfällt? Géi a bau et nees op!“ An an engem typesche Reflex vun engem Räichen, zervéiert en sech mol fir d’éischt am Geschäft vu sengem Papp, verkeeft déi Stëfter, déi en do matgeholl huet an bréngt d’Suen dem Priester, dee fir S. Damiano zoustänneg ass. Dee well déi awer guer nët an sou versteet den Franziskus fir d’éischt, datt hien selwer Hand mat upacken muss, nët eppes ginn, mä sech ginn. Dat wëllt Dir, léif Weiekandidaten, muer machen: Scho bis elo hutt dir Zäit an Engagement ginn fir Äer chrëschtlesch Gemeinschaften, an deenen der doheem sidd. Mä muer macht der e Schrack méi. Wann ech iech muer bei Äerem Numm ruffen däerf, da kommt der mat eidelen Hänn, da bréngt der näischt mat (och mol net Äeren Diplom vu Rochefort), ausser Iech selwer. Dir sot nët: Ech hun dëst oder dat matbruecht, Nee, der sot: „Hei sinn ech“! Dir schenkt dem Häergott muer net eppes, mä der schenkt Iech!

Eréischt vill méi spéit wäert de Franziskus dann verstoen, datt Christus mat Opbauen, net eng vun deenen 3 Kapelle gemengt huet, déi hien noeneen restauréiert huet, mä déi grouss Gemeinschaft vun der Kierch. Et ass dat, wat Poopst Innozenz III. 2 Joer méi spéit dreemt: deen aarmen Bettelmönch aus Assisi, deen d‘Lateranbasilika, d’Beschofskierch vum Poopst an domadden Symbol fir déi ganz kathoulesch Kierch stäipt a virum Zerfall rett. An dëse Neiopbau vun der Kierch ass duerch déi grouss Reformbewegung geschitt déi Franzikus an Dominikus mat hieren Uerden an d’Liewe geruff hunn. Duerch hier Einfachheet an Demut hun Franziskus a seng Matbridder d’Mauer tëscht däer einfacher Bevölkerung an der Kierch mat hiere räiche Bëscheef a Kléischter niddergerappt. Eng nei Begeeschterung fir d’Evangelium kunnt esou entstoen, well vill Läit sech matrappe geloos hun vu desem Beispill.

Un Iech als Diakonen ass et ganz besonnech, Maueren néierzeréissen, Maueren déi tëscht ville Mënschen an der Gemeinschft vun der Kierch oder souguer tëscht Mënsch an Gott opgericht gi sinn. Heiandsdo kënnt et mer fir, wéi wann eng rieseg Berliner Mauer – oder sollt ech vun mexikanescher Mauer schwätzen – tëscht der Kierch an der Gesellschaft gezu ginn ass. Op all Säit vun der Mauer si Grafitti déi, déi aner Säit duerstelle sollen, awer eben nëmmen en Zerrbild sinn vun der Realitéit. Wéi oft gëtt vu verschiddene Medien esou e falscht Bild vun der Kierch an d’Häerze vun de Mënsche gezeechent.., awer wéi oft hu mer och a kierchlechen Dokumenter a Vuen en äusserst kuerzsichtegt Bild vun der heiteger Gesellschaft, mat ville blanne Flecken fir dat villt Gutt, wat et och an hier gëtt.

Duerch Är Wei muer de moien kritt Dir souzesoën e Bourer an d’Hand gedréckt fir ze hëllefen, des Mauer néierzeräissen, oder op d’mannst ze duerchlächeren: bréngt an d’Kierch, an de Klerus Äer Erfahrungen vun Äeren Aarbechtsplatzen, Är Freeden a Suergen als Ehepartner a Familjepappen, Äert Wëssen a Kënnen vun Ären Hobbien a Veräiner mat eran an drot emgedréit genau op all dës Platzen e Bild vun enger menschefrëndlecher Kierch, déi en opent Ouer huet fir „d’Freed an d’Hoffnung, fir d‘Trauer an d‘Angscht vun de Menschen vun haut, besonnesch deenen Aarmen a Bedrängten aller Aart“, wéi d’Konzilskonstitutioun Gaudium et Spes et ausdréckt. Den Diakon als Kleriker awer Net-Priester huet eng ganz wichteg Brécken- a Klammerfunktioun tëscht dem Zentrum vun der Kierch an de Peripherien. Dir sidd Grenzgänger, jo dir sollt souzesoën wéi en Check-Point Charlie sin, op deem eng Öffnung an der Mauer ass, duerch déi d’Evangelium op Platze kënnt, wou kee Bëschof a kee Priester je hikënnt. Och heibäi kann Äre Matbrudder Franzikus Iech e Virbild sinn: hien deen an Ägypten mam muslimesche Sultan an Dialog getrueden ass.
Keng Botschaft gëtt haut besser verstanen, wéi déi vun der Diakonie: der Disponibilitéit an der Ecoute, déi net ausgrenzt oder veruteelt. Eng aner Episod aus dem
Liewen vum hl Franziskus weist dat ganz däitlech: d’Begéinung an d’Pfleg vum Aussätzegen, déi fir hien e Schlësselerliefnes war.

Léif Frënn, tëscht der Kierch a ville Mënschen hei am Land steet eng Mauer an och innerhalb vun der Kierch ass an der Läscht nees méi gemauert ginn. Hëlleft mat, datt sou trennend Maueren vun der Feindschaft niddergerappt ginn. Hëlleft mat, datt an eiser lëtzebuerger Kierch opgebaut gëtt, grad elo an deene Neie Paren. Mä virun allem hëlleft mat, datt bei allem Plangen vu Strukturen a Finanzen, déi Mënschen um Rand net vergiess ginn a macht ëmmer rem hier Uleies am Zentrum bekannt. Grad dat ass Äer Aufgab als Diakon!

Den Diakon Franziskus invitéiert Iech den owend op déi Stëmm vum Gekräizegten an Operstanen ze lauschteren, déi och Iech seet: „Michele, Raymond, Jos, Jean-Paul, William bau meng Kierch erëm op“!

Denkt drun wann der de Chantier vum Royal Hamilius oder soss een gesidd a sot Iech: och op mech kënnt et un, datt trennend Mauere niddergerass a Neies opgebaut ka ginn. Amen.

Véillée virun der Diakonewei, Mutterhaus vun de Franziskanerinnen, de 27. Januar 2017

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu