Services
 

Seminaristewoch 2015

Dieses Jahr unter dem Motto « Ordensleben »

Das gemeinsame dreitägige Seminarwochenende 2015 der Luxemburger Seminaristen fand dieses Jahr unter dem Motto „Ordensleben“ statt.

Das spannende Leben der Heiligen Teresa von Avila

Angefangen hat unsere alljährliche Augustwoche am Freitag, dem 30. August 2015 mit einem Vortrag der Pastoralreferentin Milly Hellers, welche uns das spannende Leben der Heiligen Teresa von Avila (1515-1582) – deren 500. Geburtstag in diesem Jahr gefeiert wird – näher brachte.

Diese außergewöhnliche Heilige reiste zu ihren Lebzeiten quer durch Spanien, gründete dabei 19 Klöster und schrieb vermutlich etwa 15.000 Briefe von denen 450 erhalten sind. Des Weiteren führte uns Milly Hellers im zweiten Teil in das spirituelle Leben von Teresa ein.

Nach dem spannenden Vortrag von Pastoralreferentin Milly Hellers über das Leben der Heiligen Teresa von Avila, aßen die Seminaristen des Luxemburger Priesterseminars gemeinsam mit ihrem Regens Abbé Patrick Muller, P. Josy Birsens S.J. (geistlicher Begleiter), sowie Pastoralreferentin Milly Hellers auf der „Schueberfouer“ beim Traditionsunternehmen „Joslet“ zu Mittag.

Besuch der Karmelitinnen im Kloster der Dreifaltigkeit in Plappeville nahe Metz (F)

Das Luxemburger Priesterseminar verbrachte gemeinsam mit Pastoralreferentin Milly Hellers den Nachmittag bei den Karmelitinnen, welche im Dreifaltigkeitskloster in Plappeville nahe Metz (F) wohnen.

Eine Karmelitin brachte im sehr persönlichen Zeugnis die Berufung zum Ordensleben näher.

Anschließend wurde allen Anwesenden von Schwester Oberin die Hostienbäckerei und die dazu gehörigen Schritte im liebevollen Detail erklärt. Das Herz der Hostienproduktion und der Stolz der französischen Ordensgemeinschaft ist die von der deutschen Firma Kissing aus Menden stammende Hostienbackmaschine.

Vincent

Besuch in der Abtei Saint Maurice in Clervaux

Am Samstag, dem 29. August besuchten wir die Abtei Saint Maurice in Clervaux. Nach einem Vortrag zum Thema Spiritualität des geweihten Lebens und unserer Teilnahme an der besinnlichen Liturgie verabschiedeten wir uns am Nachmittag nach dem Kaffee mit dem gastfreundlichen Abt und fuhren zum Dechanten von Clervaux.

Daniel

Klierf am Dall

Datt Klierf, wat d’kathoulescht Liewen ugeet, net nëmmen d’Abtei um Bierg ass, krute mer am Nomëtte vum Deche Josy Roemen a vum Paschtouer Jempi Schuller gewisen. Mir si bei d’Loreto-Kapell getrëppelt, déi am Moment restauréiert gëtt. Duerno goung et an d’Parkierch vu Klierf. Dat war eise sportlechen Deel vum Weekend. De Präses wollt nach méi wäit trëppelen, wat iewer net méiglech war, well de Programm sollt weidergoen.

Klierf war laang keng eege Par, mee huet vu Munzen ofgehaang, wou mer duerno higefuer sinn. Zu Munzen an der Kierch fënnt een dofir vill Griewer vun de Grofe vu Klierf.

No der Vesper goung et zréck an d’Dechenshaus op Klierf, wou mer de Jempi erëmbegéint hunn, deen an där Zäit eng Mass an eng Daf gefeiert huet. De Jempi war jo nach d’lescht Joer Seminarist an hat och een Dag mat äis an der Pastoralregioun Osten verbruecht. Natierlech huet et äis interesséiert, gewuer ze ginn, wat sech a sengem Alldag duerch d’Priisterwei geännert huet.

E grousse Merci un den Deche Josy Roemen an de Paschtouer Jempi Schuller fir den Abléck an hire Parverband.

Yves

D’Geschicht vun der Gesellschaft Jesu zu Lëtzebuerg

Nodeems mer äis freides a samschdes um Liewen nom Beispill vun der helleger Theresa vun Avila an dem hellege Benedikt orientéiert hunn, huet eis Seminairesgemeinschaft sech um Sonndeg Moien op de Wee op Belair gemaach fir vun eisem Spiritual, dem Pater Josy Birsens, eng Aféierung an déi méi nei Geschicht vun der Gesellschaft Jesu zu Lëtzebuerg ze kréien.

Nodeems 1773 vum Clemens XIV. den Uerden opgeléist gouf, hunn d’Jesuiten och zu Lëtzebuerg alles missen opginn, wat se haten (sou ass z.B. de Kolléisch an de Besëtz vun der Stad an dono vum Staat iwwergaangen). Nodeems de Pius VII. 1815 d’Jesuiten erëm rehabilitéiert hat, huet et dunn awer nach un der antiklerikaler Gesetzgebung zu Lëtzebuerg gehaangen, dass et nach bis 1895 gedauert huet, bis eng éischt nei Communautéit sech konnt am Garer Quartier grënnen.

1898 huet sech eng gréisser Gemeinschaft am Schrëftstellerheem Bellevue, dem aktuellen Lycée Technique des Arts et Métiers niddergelooss. 1911 huet den Uerden d’Schrëftstellerheem aus finanzielle Grënn missen opginn an d’Jesuiten hunn deelweis d’Land verlooss oder sinn an der Faïenceriestrooss um Lampertsbierg ënnerkomm.

No dësem Intermezzo hu se sech dunn an e ganz neie Quartier vun der Stad zeréck gezunn : de Belair. Souguer an de Publikatioune vun der däitschsproocheger Provenz vun de Jesuiten (zu deeër Lëtzebuerg deemools gehéiert huet), gouf doriwwer de Kapp gerëselt. Mee d’Jesuiten hate Recht. De Belair war deemools wéi haut en opstriewende Quartier an huet vill vun der Aarbecht vun der Gesellschaft Jesu profitéiert. 1932 gouf dunn d’Kapell vum Christ-Roi, déi aus eegene Mëttele finanzéiert a gebaut gouf, feierlech konsekréiert a Christus dem Kinnek geweit.

D’Christkinneks-Frëmmegkeet ass relativ jonk. D’Fest vu Christus dem Kinnek gouf 1925 duerch de Pius XI. an de liturgesche Kalenner opgeholl. Dës Frëmmegkeet huet hir Glanzzäiten an den 20er an 30er Jore vum 20. Joerhonnert – enger Zäit wou ëmmer méi Kinnek- a Keeserräicher ënnergaange sinn – erlieft. D’Kapell ass no de Pläng vum jonken Architekt Hubert Schumacher gebaut ginn. Hien huet och an der zweeter Halschent vun den 30er Joren zu der Vergréisserung vun der Kathedral bäigedroen a war e gudde Frënd vum Mgr. Lommel.

No dëser kuerzer, mee intensiver Visite, hu mer äis dunn op de Wee an d’Kathedral, deeër aler Jesuitekierch, gemaach, déi dëse Weekend hire Weiedag gefeiert huet. Do ukomm si mer, wéi den Zoufall et wollt, net nëmme vun de Klacken, déi scho feierlech d’Stad erwächt hunn, mee och vum Mgr. Hamus, dem Paschtouer vun der Kathedral, begréisst ginn. A senger Priedegt huet de Mgr. Hellinghausen äis – ausgoend vun der Architektur an dem Mobiliar vun der Kathedral – d’Theologie vum Kiercheraum erkläert. Besonnesch ervirzehiewe war och d’Kirchweihfestkantate vum F.M. Gast mat deeër d’Maîtrise d’Kommioun musikalesch ënnermoolt huet.

Gestäerkt mat engem gudde Mettegiessen am Paschtoueschhaus hu mer den Dag an och eise Weekend mat der Kiermesvesper ofgeschloss. Och wa mer d’Stonnegebiet gewinnt sinn op däitsch oder franséisch ze sangen, sou war dat dach eng Erausfuerderung, äis mat deene laténgesche Psalmen a virun allem hire schéinen, mee verschnörkelten, Antiphonen unzefrënden. Dofir si mer virum Gottesdéngscht dunn awer nach eng Kéier mat dem Organist Paul Breisch an dem Dirigent vun der Maîtrise Marc Dostert an de Proufsall verschwonnen, fir eng Kéier ze üben.

Jacques

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu