|
|
Seminaristewoch 2016Op Besuch an der Pastoralregioun SüdenMëttwochs, den 3. AugustUm 10 Auer huet eis Seminaristewoch um Parking vum Séminaire an der Stad ugefaang. Vun do aus si mer op Beetebuerg an de Scoutschalet Saint-Luc gefuer, wou mir eis Basis opgeschloen haten, fir an deene kommenden Deeg d’Pastoralregioun Süden ze entdecken.
Owes um 18 Auer si mer op Esch-Uelzecht gefuer an hu mat de Bridder vun der Communautéit Verbum Spei a Leit aus der Par Saint-Henri d’Vesper gesongen an eng Stonn Adoratioun gehalen. Den Owend ass ausgeklonge mat engem einfachen awer häerzlechen Iessen bei de Bridder doheem an der rue de l’Hôpital, an engem Gebietsmoment an hirem Oratoire. (Patrick Muller, Präses) Donneschdes, de 4. August
Duerno ware mir zu Beetebuerg, wou äis de President vun der Kierchefabrick, den Här Fürpass, d’Konzept vu senger Kierchefabrick virgestallt huet. Hien huet äis erkläert, wéi d’Par sech finanziell op di nei Konditioune virbereet an och elo nach eng aktiv Finanzpolitik mécht. Do krute mer d’Veräinshaus gewisen, wou nieft engem grousse Sall och d’Bureaue vum Pastoralteam a Wunnenge fir Studente sinn. Am spéiden Nomëtteg ware mer zu Käl, wou mer bei d’Léiffräche gaange sinn. Do hu mer dann och d’Vesper gebiet. Owes hu mer äis mat den neie Relatiounen tëscht Kierch a Stad an och mat der Hell beim Ἰωάννης ὁ Χρυσόστομος (Johannes Chrysostomus) beschäftegt, dëst op Basis vun de Masteraarbechte vum Tristan a vum Jacques. (Yves) Freides, de 5. August
Wir starteten in den Tag mit einer interessanten Gesprächsrunde zum LISEL (Lieu d’initiatives et de services des étudiants au Luxembourg) mit Edith Weber-Sinner, die uns in den neu angemieteten Apartmenträumen im Vereinshaus zu Bettemburg empfing und über die verschiedenen Aktivitäten informierte. Gemeinsam besuchten wir dann in Belval die alte Hochofenanlage, machten uns mit den Arbeitsweisen und bedingungen an diesem nicht einfachen Arbeitsplatz vertraut und wagten von hoch oben auch den Blick auf das neu entstehende Zentrum rund um die Uni Luxemburg.
Anschließend besichtigten wir natürlich auch die Pfarrkirche Sankt-Sebastian, wo wir die Vesper beteten und zum Abschluss des Tages in den Genuss der herzlichen Gastfreundschaft von Familie Theisen kamen. Von der Höhe der Schmelze bis in die Tiefen des Bergwerkes kommend fanden wir in familiärer Atmosphäre hier einen weiteren Höhepunkt des Tages, nicht nur im kulinarischen Sinne. (Tristan) Samschdes, de 6. August
Zum Mittagessen ging es in das nahe gelegene Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM), wo wir einen Einblick in die Arbeit des Krankenhausseelsorgers Michael Kunze erhielten. Nach dem Mittagessen in der Krankenhauskantine ging es weiter zur italienischen und portugiesischen Mission, welcher Pater Antonio Simeoni C.S. vorsteht. Nachdem wir reichhaltiges Informationsmaterial erhalten hatten, ging es dann los mit der Führung durch das Pfarrhaus und die Kirche, die dem heiligsten Herzen Jesu 1932 geweiht worden ist. Des Weitern wurden uns die Räumlichkeiten der italienischen Mission gezeigt. Erwähnenswert ist, dass das Stadtviertel „Brill“ seit jeher ein Einwanderungsviertel ist. Mitte des 20. Jh. kamen zuerst die Italiener, danach die Portugiesen. Heute leben mehr als 120 verschiedene Nationen alleine in diesem Viertel. Am Abend, nach dem gemeinsamen Rosenkranzgebet mit der Pfarrgemeinde (abwechselnd portugiesisch und französisch) und der Heiligen Messe ging es zur Stärkung zum Italiener. Dort wurde sich nochmals vertiefend über die anstehenden Veränderungen welche der Erzdiözese nun bevorstehen ausgetauscht, bevor es dann für die Nachtruhe zurück zum Pfadfinderchalet nach Bettemburg ging. (Vincent) Sonndes, de 7. August
Vun der Mass – an dem Kaffi offréiert vun der Chorale Ste Cécile vu Syren – gestäerkt, hu mer äis dunn ënnert der Leedung vum Diakon Leo Weber op de Wee Richtung Peppeng gemaach, wou mer vun der Mutter Marie Joseph emfaange gouffen, der leschter Benediktinerin am Peppenger Klouschter. Si huet äis un hiren Erliefnesser vu 66 Joer Klouschterliewen deelhuele gelooss an äis duerch d’Kapell gefouert, déi si äis mat villen Anekdoten erkläert huet. Géint der Owend si mer op de Gehaansbierg geklommen, wou de Pater Birsens SJ äis an d’Geschicht vun der Géigend ëm Diddeleng agefouert huet. No der Vesper an nom Owendiessen hu mer äis iwwer déi Bicher ausgetosch, déi mer an der leschter Zäit gelies hunn. Eng ganz interessant Erfahrung, déi äis all Loscht op deen een oder anere Bestseller gemaach huet! (Jacques) Méindes, den 8. August
Fir den Nomëtteg hu mir äis dunn dee leschten Deel vun der Pastoralregioun Süden ugekuckt, wou mir nach net waren: Käerjeng a Péiteng. Fir d’Mëttegiessen haten dem Här Muller säi Brudder a seng Schwéiesch zu Käerjeng fir äis gegrillt; mir konnten äis do och mam Paschtouer Romain Gillen ënnerhalen, dee mat invitéiert war. Den Dessert an de Kaffi gouf et uschléissend bei der Mme Muller zu Péiteng, dem Här Präses senger Mamm, déi hir Freed drun hat, hire Fils an déi jonk Studenten ze verwinnen! Duerno huet de Paschtouer Jeannot Gillen äis di Péitenger Kierch virgestallt an ass mat äis op den Hierschbierg getrëppelt bei eng Marie-Kapellchen. Mir hate vun do aus ee wonnerbare Bléck op ganz Péiteng an hu bei der Maria d’Vesper gebiet. No der Massfeier huet den Här Gillen et sech net huele gelooss, äis an de Restaurant ze invitéieren, wou mir mat him ee flotten Owend verbruecht hun. (Josy Birsens S.J.) Dënschdes, den 9. AugustNo enger leschter Nuecht am Scoutschalet Saint-Luc hu mer nach eng Kéier zesummen d’helleg Mass gefeiert a Kaffi gedronk. Du stoung d’Botze vum Chalet um Programm. Duerno, géint 10 Auer, hu mer, räich u villen Erfahrungen an Erliefnesser vun der vergaangener Woch, der Pastoralregioun Süden Äddi gesot. |










