Pilgerfahrt op Lourdes – Andréck vum Jacques

Participatioun un der Diözesaner Pilgerfahrt op Lourdes vum 25. bis den 31. Juli 2017

Déi desjäreg Seminaristewoch huet eis des Kéier e bessi méi wäit gefouert. Nodeems mer an de läschte Joren d’Pastoralregiounen Norden, Osten a Süden besser kenne geléiert hun, hu mer eis dëst Joër mat engem Deel vun der sougennanter Kategorialseelsorge beschäftegt, a sin interdiözesan mat de Pilger vu Lëtzebuerg a mat de Pilgergruppe vu Metz a Verdun mam TGV mat op Lourdes gefuer.

Eis Aufgab als Seminaristen an Diakonen war dobäi d’Pfleeg vun deene Kranken, wou mer moies gehollef hun, si fir den Dag dee virun hinne lung ze preparéiren, an owes och erem an d’Bett ze hellefen. Dëst war eng aaner Erfahrung, wéi déi, déi verschiddener vun eis schon am Spidolsstage mache konnten, dee jo éischter op déi spirituell Begleedung orientéiert war.

Zu der selweschter Zäit wéi eise Grupp, waren och vill Pilger aus Italien, England an Amerika zu Lourdes. Dës hun dofir gesuergt, dass déi deeglech Sakraments- a Liichterprëssiounen, zu ganz impressionnante Gottesdéngschter gi sin. Mee och déi Gottesdéngschter, déi nemmen mat eise Pilger aus Lëtzebuerg gefeiert gi sin, ware ganz impressionnant. Si waren zum Deel vun der Madame Renée Schmit virbereet gin, déi sech trotz hiere ville verschiddenen Aufgaben (ënner aanerem als Pilgerleederin) mat engem groussen Devouement engagéiert huet. Virun allem eng Mass déi mer an der Chapelle St-Joseph gefeiert hun, waert eis nach laang an Erennerung bleiwen. Dëst virun allem well eise Matbruder Vincent De Smet an deeër Feier mat der Admissio vun eisem Generalvikar ënnert d’Kandidaten fir d’Diakonen- a Priesterwei opgeholl gin ass.

Des Pilgerfahrt war eng schéin a léierräich Erfahrung, déi een op jiddfer Fall och mat de kommende Generatiounen vu Seminaristen wiederhuele soll.

Jacques
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement