Pilgerfahrt op Lourdes – Andréck vum Tristan

Participatioun un der Diözesaner Pilgerfahrt op Lourdes vum 25. bis den 31. Juli 2017

A. Aarbecht mat de Kranken an de Foulards Blancs

Fir mech perséinlech war et fir d’éischt dat ech direkt an der Pflege agesat wor, sou dat ech an dëser Woch op vill Art a Weis bäigeléiert hunn. All Moien a bal all Owend hunn ech gehollëf fir e kranken Mann prett fir den Dag resp. d’Nuecht ze maachen. An der Kummer wou ech agesat war, hunn ech eng wierklech léift Koppel begleeden dierfen, wou iwwert den Déngscht am Nächsten och flott Gespréicher méiglech waren a wou ech och aus der Perspektiv vun hinnen déi Deeg zu Lourdes gucken konnt.

Mat dem Foulard, de mech „ugeléiert“ huet, hunn ech e ganz engagéierten, léiwe Mann kennegeléiert, der mir och en Ableck konnt ginn, wéi d’Organisatioun vun eiser Pilgerrees „hannert de Kulissen“ bei de Foulards Blancs ofleeft an och wei vill Arbecht am Virfeld geleescht gëtt (Stichwort: D’Saachen a Valisen 19 Stonnen mam Camioun op Lourdes fueren an dann mat puer Léit den Accueil fir déi krank Pilger an d’Foulards Blancs virbereeden).

B. Erfahrunge mam Pilgergrupp vun eiser Äerzdiözes

Wéi schon uewen ugedéit hunn ech an dëser Pilgerwoch zu Lourdes vill flott Begéinungen erlieft: Vill kleng a grouss Gespréicher, déi deelweis och richteg an d’Déift gaang sinn. Mech huet am meeschten impressionéiert, dat d’Léit sech iwwert eis Do-sinn gefreet hunn, si eis all couragéiert an am Gebiet spierbar matgedroen hunn.

D’Atmosphere vu Lourdes an och grad vun eiser Grupp gëtt Kraaft fir den Déngscht doheem an der Par, am Asaz fir Christus an eis Kierch zu Lëtzebuerg.

C. Prëssiounen zu Lourdes

All Dag hunn ech an der Liichterprëssioun owes am Sanctuaire deelgehuel. Mat puer dausend Léit Dag fir Dag zesummen eisen Härgott op d’Fürbitte vun der Muttergottes an den Uleies vun eiser ganzer kathoulescher Kierch, eiser Lëtzebuerger Kierch an natierlech och a mengen ganz perséinlechen Uleies ze bieden, war eng eemoleg Erliefnes, dat vun Dag zu Dag méi intensiv ginn ass. D’Verbonnenheet am Glawen iwwert all Grenzen vu Sproochen hinweg ass e ganz staark a schéint Zeechen gewescht.

D. Liturgië mat eiser Lëtzebuerger Grupp

Ech hunn eng Partie flott Massen a Gottesdéngschter zu Lourdes erlieft. Impressionant war sou z.B. d’Ufanksmass vun eiser Pilgerrees an der Grott zesummen mat der Diözes vu Metz. Souvill Pilger, souvill Uleies fir d’Muttergottes an domat letztlich fir eisen Härgott, dem mir mat villen hunnert Stëmmen d’Luef gesungen hunn.

Och d’Mass mat der Admissio vum Vincent Donneschden war fir all Léit aus eiser Pilgergrupp en emouvemant Zeechen, huet de Vincent dach an dëser Mass seng Bereedschaft an der Nofolleg vum Härgott ernéiert an och ëffentlech confirméiert. Seng Opnahm ënnert d’Kandidaten fir d’Diakonen- a Priisterwei ass och fir d’ganz Äerzdiözes, déi duerch eist Pilgergrupp repräsentéiert gouf, e grouss Freed.

Och ganz bewegend waren d’Anbetung mat Geleeënheet fir ze beichten an d’Mass mat Krankesalbung freides. An dësem Dag stoungen bei den zwee Liturgien d’krank an al Léit ganz am Mëttelpunkt. No dem Dag vu Beruffung a Nofolleg mat der Admissio Donneschden, ass et dach an dësem Dag um d’konkreten Déngscht an eisen Kranken gaang - net nëmmen bei der Pflege Moies an owes, sondern och elo intensiv an der Liturgie an am Gebiet.

Tristan
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement