Liens . Links
 

D’Madame Hedwig Pelletier op Besuch

Op di lescht Versammlung virun der Summerpaus hat d‘Fraenkommissioun d’Madame Hedwig Pelletier invitéiert. D’Madame Pelletier ass Pastoralreferentin an geistliche Begleiterin der Katholischen Frauengemeinschaften Deutschlands (kfd) im Dekanat Bitburg.

Zesummen mat hir hu mir iwwerluecht an diskutéiert firwat mir als Fra an der Kierch stinn an eis als Fra wëllen besonnesch engagéieren!

Hei verschidden Aussoen aus dëser Réunioun:

Et wär flott wann an Zukunft Männer a Fraen an enger partnerschaftlecher Kierch kéinten zesummen schaffen!
Vill Fraen emfannen et ëmmer méi als eng grouss Ongerechtegkeet, dass hinnen an hirer Kierch, zu däer si mat Häerz a Séil stinn, vill Weeër verspaart sinn!
Fraen, och an Leedungspositiounen, kënnen der Kierch vun der Zukunft nëmmen gudd dinn, well Fraen Problemer oft anescht uginn, en aneren Bléckwénkel hunn an doduerch eis gemeinsam Kierch nei Impulser fir d‘Zukunft kënnt kréien!
Et ass a bleift wichteg fir sech fir ënnerdréckten Fraen anzesetzen!
Et ass och wichteg, d’Bild vun der Fra an der Kierch an der Ëffentlechkeet an an der Gesellschaft ze änneren. Dëst Bild ass oft nach geprägt, vun deem Bild aus der Vergaangenheet, also Kinder, Küche, Kirche, wou d’Fraen sech just nëmmen ëm d’Botzen an d’Dékoréiren vun der Kierch hunn dierften këmmeren. D’Bild vun eiser Kierch “dobaussen” as awer leider allgemeng nach oft vun dem Bild aus der Vergaangenheet geprägt. E Problem un deem eis Kierch schaffe muss!

Mir waren eis eens, dass nach villes sech änneren kann, an dass an deem Prozess vun Verännerung d’Solidaritéit ënnert de Fraen an den Austausch ganz wichteg sinn an eis och stäerken kënnen.

Méi iwwert Madame Pelletier :
http://www.kfd-trier.de/service/imp...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement