Services
Liens . Links
 

Eng lieweg Kierch: Deel däi Glawe mat mir! Une église vivante : Partageons notre foi !

11 November 2017

Den 11. November huet d’Fraekommissioun zesumme mat der ACFL e Begéinungsdag mat dem Schwéierpunkt: Catéchèse en paroisseorganiséiert

Duerch d’Trennung vu Kierch a Staat krute mer e Schubs an d’Onofhängegkeet an an d’Responsabilitéit.
Et geet net em e Verlagere vum Reliounsunterrecht aus der Schoul an d’Par, et geet em en Ëmdenken: mir all, Elteren a Grousselteren, Membre vun eise klengen a grousse Gemeinschafte, sinn niewent de Katechetinnen a Katecheten, nieft Gott sengem ’Buedempersonal’, Zeie vun eisem Glawen.

D’Madame Catherine Chevalier, Theologin a Formatrice aus dem Vikariat Brabant Wallon (Belsch), huet vun dräi fundamentalen Ännerunge geschwat. Fir d’éischt déi vum Mënsch: wéi kënne mer an engem Land, wou d’Relioun fréier zur Traditioun gehéiert huet, d’Mënschen opmierksam op Gott an de revolutionäre Message vu Jesus Christus man? Wéi kënne mer aus enger Glawensvermëttelung déi laang Zäit vu Professionelle gemaach gouf, nees zu enger Kultur vu kierchleche Benevolle kommen?
Déi zweet fundamental Ännerung ass d’historesch Evolutioun vun der chrëschtlecher Kierch, aus der Basisgemeinschaft vum Ufank bei d’Staatskierch mat enger strenger Hierarchie, wou de Clergé d’Vollek mat Gott verbonnen huet, an dat 2.Vatikanesche Konzil d’Plaz, de Ruff, d’Beruffung an d’Missioun vun de Chrëschten all nei betount huet.
A schliisslech déi drëtt fundamental Ännerung, déi vun der ’Kateches’: vum Vermëttlen vu Glawensinhalter komme mer elo méi bei en Zeegnis vun engem perséinleche Glawen. Et ass eng ’catéchèse initiatique’, e Wee, souwuel fir déi un déi se sech riicht wéi fir déi déi se maachen, an dat en vue vun engem Glawen dee mer bekennen, am Gottesdéngscht zesumme feieren, dee mer bieden an dee mer an der Nächsteléift praktesch liewen.

An der Table-ronde - ënnert der Leedung vun der Madame Agnès Rausch - hu Responsabeler vun der Kateches, den Här Leo Wagener, d’Madame Christiane Kremer-Hoffmann an den Här Patrick de Rond, grad esou wéi Leit vum Terrain, d’Madame Fernanda Arantes vun der portugisescher Pastoral an d’Madame Nicole Schuller vun der Par Kordall, Sainte Barbe, gewise wou fir si d’Freeden an d’Schwieregkeeten, d’Irweeër an d’Hoffnungszeechen vun där neier Kateches sinn.
Nom Iesse war e ’Maart vu Méiglechkeeten’ wou verschidden Organisatioune sech virgestallt hunn a wou ee sech mat Material fir d’Kateches doheem an an der Par andecke konnt.
Vun zwou bis véier Auer waren Atelieren, déi vu Partage d’évangile, der Kateches am klenge Krees, mat biblesche Figure, bis d’Krabbelgottesdéngschter an d’Petite Pasto goungen, vun der Kateches fir d’Schoulkanner iwwert ’Mat Jonke gleewen’, bis d’Kateches fir d’ganz Par. Den Här Äerzbëschof koum eis Moie soen a seng Offenheet fir deen neie Prozess an eiser Kierch weisen. An um Schluss si mer nees zréck an eis Gemeinschafte gaangen mam Encouragement: Dem Härgott säi Wuert gëtt eis Liewen.
Den Dag war och fir Francophonen op: wat op Lëtzebuergesch geschwat gouf huet d’Madame Gaby Heger iwwersat, respektiv vu franséisch op lëtzebuergesch fir déi Leit déi et mat der franséischer Sprooch mi schwéier haten.

Esou e Begéinungsdag lieft vun deene ville kompetenten, offenen an engagéierte Fraen déi Lëtzebuerg a senger Kierch huet. Kee Jéimeren a Kloen, ma Vertrauen, Freed a Loscht fir Zukunft, dat war de Grondtoun vum Begéinungsdag, an der Maison d’Accueil vun de Franziskanerinnen um Belair.

Maggy Dockendorf

Hei nach eng Kéier d’Atelieren an denen zesummen geschafft an diskutéiert gouf

  • Dossier vun der LSRS catéchèse pour tous (Christiane Hoffmann)
  • Partage d’évangile (mat biblesche Figuren) (Sr Marie-Josef Kellen)
  • La petite Pasto, Klengkannerpastoral (Jacqueline Schwachtgen)
  • Butzegottesdéngschter (Doris Schmoetten)
  • Bibeldeelen (Milly Hellers)
  • Firmung (Uwe Franzen)
  • Kateches fir d’Kanner :Glawen erliewen (Liliane Loos)
  • Christiane Engel: Virbereedung vun enger Martinsfeier

[Eng Présentatioun vun eisen Referenten

Madame Catherine Chevalier

Catherine Chevalier a exercé depuis la fin des années 80 des responsabilités pastorales dans le diocèse de Malines-Bruxelles (Belgique), auprès des jeunes parents pour l’éveil à la foi des enfants, auprès des jeunes et des jeunes adultes.

Depuis les années 2000, elle a travaillé pour la formation chrétienne des adultes, au service de l’Ecole de la foi, projet itinérant de catéchèse des adultes, du Centre d’études pastorales (CEP), responsable de la formation pastorale et théologique des animateurs pastoraux et des candidats-diacres de ce diocèse, et au sein du projet « Lire la Bible ».

Depuis juin 2012, elle est docteure en théologie (ICP-UCL), après avoir soutenu sa thèse sur les formations à l’exercice de la responsabilité ecclésiale. Elle est actuellement responsable du service de la formation au Vicariat du Brabant wallon, formatrice au Centre Universitaire de théologie pratique (UCL) et professeur invitée à la Faculté de théologie (UCL).

Elle est membre de l’Institution Thérésienne, association internationale de laïcs, qui a pour mission de promouvoir le dialogue entre la foi et les cultures.

Catherine Chevalier connaît parfaitement le monde des jeunes et des enfants, elle est experte en catéchèse, et formatrice par vocation.

Parmi ses publications, soulignons: Former des laïcs pour la responsabilité ecclésiale. Enjeux théologiques et perspectives (2017), Être catéchiste: témoigner d’une expérience. (avec Joël Morlet 2015), Entre doctrine et expérience croyante. La formation chrétienne des adultes du Concile à nos jours (2014) et Femmes en responsabilité pastorale en Belgique francophone: un processus en cours d’institutionnalisation (dans Lumen vitae: Pape François:„L’Eglise est un mot féminin“ 2014/3)

Madame Agnès Rausch

63 Joer al
Jonk Pensionéiert Sozialaarbechterin
Zanter bal 40 Joer Member an der CVX, an do:
- Begleederin vu jonke Gruppen
- Koordinatorin vum GIM (ignatianesche Grupp fir Migratiounsfroen)
Zanter der fréier Kandheet a Jesus Cristus verléift, eng Relatioun déi d’Agnès och duerch
d’Wiertesmass an duerch regelméisseg Deeg an der Stëllt a spirituell Uebungsdeeg fleegt an nährt.

MadameChristiane Kremer-Hoffmann
Elle est née en 1958, diplômée en théologie, elle a travaillé pendant 20 ans pour le service ErwuesseBildung. De 2011 à 2013, elle a fait un certificat en médiation à l’Université de Louvain la Neuve. Elle travaille actuellement au sein de la Luxembourg School of Religion & Society (Centre Jean 23), où elle élabore e.a. des outils de catéchèse pour les paroisses luxembourgeoises. Parmi d’autres activités de formation, elle promeut la formation de ‘guides d’église’. Elle est mère de 5 enfants adultes et grand-mère de 4 petits-enfants.
Avec son mari, elle est engagée dans les Communautés de Vie Chrétienne (CVX) depuis 30
ans.

Madame Fernanda Arantes
56 ans, mariée, 3 enfants,
au Luxembourg depuis 1965
double nationalité luxembourgeoise/portugaise
Auxiliaire pastorale depuis 1997 à la Communauté Lusophone du Sud qui dessert 5 paroisses, à savoir Differdange, Dudelange, Pétange, Bettembourg et Esch-sur-Alzette
Coordinatrice de la catéchèse lusophone
Membre de l’Équipe Pastorale d’Esch-sur-Alzette
Membre du Conseil Épiscopal et du Conseil Pastoral Diocésain

Madame Nicole Schuller
- 51 Joer
- Bestuet an 3 Kanner
- Hausfra
- 2005 bäitrëtt am Comité vun de ,, Fraen a Mammen – jeunes mamans’’ Sektioun Rodange - Lamadelaine
- 2010 als Presidentin vun der Sektioun gewielt ginn
- Actif bei de Kommuniounsvirbereedung, Lektorin, Organisatioun vu Kannermassen, Krëppespill .
- An der Par Kordall engagéiert an der Kateches
- Sozial engagéiert bei de Scouten

Här Generalvikar Leo Wagener
geboren am 12.04.1962 in Ettelbrück, Heimatpfarrei: Hoscheid
1982 Abitur am Lycée Classique Diekirch
1982-1987 Studium der Philosophie und Theologie in Trier und Paris
02.07.1988 Priesterweihe in der Kathedrale von Luxemburg durch Bischof Jean Hengen
1988-1990 Kaplan in Diekirch
1988-1991 beigeordneter Nationalaumônier der Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer
(JB&JW) und der Lëtzebuerger Landjugend (LJ)
1990-2006 Pfarrer in Steinbrücken
1991-2011 Nationalaumônier der JB&JW und der LJ
1992-2006 Diözesanjugendseelsorger
2006-2014 Pfarrer in Luxemburg-Bonneweg, Pfarrer-Moderator des Pastoralteams für die Pfarrverbände Bonneweg-Hamm und Sacré-Cœur
2006-2011 Dechant des Dekanates Luxemburg-Ost
2010-2011 Regionaldechant der Pastoralregion Luxemburg
2011-2013 Bischöflicher Delegierter für die Pastoral
2013-2015 Bischofsvikar für die Pastoral
18.02.2015 Generalvikar

Här Patrick de Rond,
1975 gebuer
Bestuet
Diplôme vum Institut catéchétique de Luxembourg (2000)
Zousazqualifikatioun zum Behënnertenseelsorger vun der däitscher Bëschofskonferenz (2005)
Zanter 17 Joer am Déngscht vun der Äerzdiözese
an haut Direkter vun der Kateches a Koordinator vum Service de la Pastorale
Fräizäitaktivitéiten:
Organist
Tresorier vun der ONG Chrëschtlech Solidaritéit International asbl
President vun Info Handicap - Conseil national des personnes handicapées asbl

Beschreiwung vun den Atelieren an dene geschafft gouf

Kateches fir d’Kanner :Glawen erliewen (Liliane Loos)

An dësem Atelier huet d’ Liliane Loos eng Catéchète titulaire probéiert ze weisen wéi de Cate zu Lëtzebuerg kënnt während engem ganzen Joer ausgesinn !
Si weist un engem konkreten Beispill : “Ein Schatz im Acker “ wéi een kennt eng Kateches fir Kanner opbauen an ausféieren mat Material, mat deem een gudd an der Kateches schaffen kann.

Catéchèse pour enfants : Vivre la foi – grandir dans la foi
Une catéchète titulaire expliquait le programme de la catéchèse au Luxembourg. Sur l’exemple de la parabole « un trésor caché dans un champ » elle montrait comment on pourrait préparer une catéchèse et travailler avec les enfants.

La ‘catéchèse pour tous’ (Christiane Kremer)
Christiane Kremer-Hoffmann donna une introduction aux méthodes de la
catéchèse inter-générationnelle et présentera les 8 modules qui sont dans le classeur ‘Ein Schatz im Acker’ (Katechese -für-alle). Ces 8 catéchèses ont été élaborées par un groupe de travail de personnes engagées dans la catéchèse en paroisse et sont des modèles issus de la pratique concrète locale.

Katechese-für-alle’
Christiane Kremer-Hoffmann gab eine Einführung in die Methoden der generationenverbindenden Katechese und stellte die 8 Bausteine , die im Ordner ‚Ein Schatz im Acker (Katechese-für–alle)‘ enthalten sind,vor. Diese 8 Katechesen sind von einer Arbeitsgruppe erarbeitet worden, zu der Personen gehören, die in der Gemeinde-Katechese aktiv sind. Es sind also Modelle, die aus der konkreten Praxis vor Ort herausfliessen.

Den Hellege Martin (Christiane Engel)

- en Held?
- e Mënsch mat engem groussen Häerz?
- een, deen net fir d’éischt no sech kuckt?

Wéi kann ech de Kanner erzielen, wéi de Martin gelieft huet a wat hien esou Besonnesches gemaach huet?
Wéi kann ech eng Martinsfeier gestalten a wéi kann ech d’Verbindung vum Hl Martin bis hin zu Jesus Christus maachen?

Krabbelgottesdëngscht / Klengkannerpastoral (Jacqueline Schwachtgen/Doris Schmoetten)

De Jesus léiert eis bieden - mir hunn zesummen e Krabbelgottesdéngscht , deen de 25.Juni 2017 um Gehansbierg zu Diddeleng gefeiert gouf erliewt .
Wat si wichteg Elementer , wat brauch een u Material , wou fënnt een d’Inhalter - all dat an nach méi ...

Mir hunn ’ La P’tite Pasto’ kennen geléiert , e ganz besonnesche Projet fir Elteren a Kanner bis 6 Joer . Mini-Katechesen , Lidder , kleng Basteleien , zesumme spillen an zesumme sinn , sinn Elementer vun dëser Klengkannerpastoral , déi d’Elteren „für das ’Wecken’ des Glaubens ihres Kindes“ vun Ufank u wëll begeeschteren .

Atelier mat biblesche Figuren (Sr Marie-Josef Kellen an de Grupp "BibelKreativ)
Mat Biblischen Erzielfiguren schaffen ass e Medium fir Erzielungen an Biblesch Geschichten duerzestellen an den Text ze verdéiwen. D’Figuren stellen Kierper Haltungen duer wéi „stoen, sëtzen, lafen, knéien“ oder och Gefiller wéi zB. Freed oder Trauer, oder Kommunikatioun wéi „sech begéinen, mateneen oder géinteneen“. Symboler wéi faarweg Dicher, Téi Liichtercher, Steng etc hëllefen dat, wat mech bewegt ,auszedrécken.

Dräi Fraaen ,Ginette, Liliane , Marie.Joseph aus dem Grupp „BibelKreativ“ waren derbäi !

Bibelteilen:( Milly Hellers)
Ziel dieser Arbeitsgruppe war wie die Betrachtung eines Bibeltextes uns gegenseitig bereichern kann.

Mat Jonke gleewen.(Uwe Franzen)

Et ass eng wichteg Aufgab vun eise chrëschtleche Gemeinschaften, fir déi
Jonk op hirem Glawenswee ze begleeden. Besonnesch däitlech gëtt dat bei
der Préparatioun op d’Firmung. An de Poaren gëtt dobäi ganz vill
Aarbecht geleescht. Et gëtt vill Konzepter, mee keng Patentléisung. Am
Austausch ass vun eisen Erfahrungen erzielt ginn an sinn
d’Erausfuerderungen benannt ginn

PDF 2 MB, 7. Oktober 2017
 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu