Services
 

Tarcisiusfeier 2016

02.07.2016 zu Veianen

National Tarcisiusfeier vun de Lëtzebuerger Massendénger zu Veianen

Aus allen Deeler vum Land sinn d‘Massendénger op Veianen komm fir hire Patréiner, den hellegen Tarcisius, ze feieren.
Dëst Joer hunn di Verantwortlech vu Veianen sech ugebueden der “Equipe Lëtzebuerger Massendénger” bei der Organisatioun vun dësem Dag ze hëllefen an de Massendénger hier Par méi no ze bréngen.
An enger liturgescher Feier hunn d’Massendénger iwwert d’Bedeitung vu klengen a groussen Dieren, duerch déi een am Liewe geet, nogeduecht a sinn duerch d’helleg Dier vun der Baarmhäerzegkeet geschratt.
Um uschléissende Rallye duerch Veianen hunn d’Massendénger hiert Wëssen iwwert hiren Déngscht ënner Beweis gestalt an op diverse Statiounen als Team Punkte gesammelt. Hire Wee huet si bis bei d’Bildchenkapell gefouert a rëm zeréck an d’Trinitarierkierch, an deer den Här Dechen hinnen Plaze gewisen huet, wou ee just als Massendénger hikënnt, iert d’Massendénger rëm an hier Paren heemgefuer sinn.

Text: Diane Didling
Flyer: Yves Johann
Foto: Ekipp Lëtzebuerger Massendénger

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu