Eechternoach


Invitatioun vun den “Eechternoacher Massdéiner”

Kiirmessamsdeg, 21.09.2019:
18.00 Mass an der Basilika:
“30 Joer Eechternoacher Massdéiner”
mam Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
fir all lieweg a verstuerwe Massdéiner

* 30 Joer Eechternoacher Massdéiner: „Fir eisen 30. Anniversaire bréngen mir eng Broschür eraus “30 Joer Eechternoacher Massdéiner 1989 -2019”, déi op eis laang Geschicht als Veräin zréck kuckt! Dat Ganzt ass natierlech mat Käschte verbonnen, wann Dir intresséiert sidd eis bäi eisem Projet finanziell z’ënnerstëtzen, kënnt Dir dat op e puer Manéiere maachen:
• Dir sidd an eisem Comité de Patronage, den an der Broschür publizéiert gëtt, ab engem Don vu 15€.
• Dir wëllt eis eng Säit offréieren, da geet dat ab engem Don vu 50€. Ären Numm kënnt ënnen op eng Säit stoen.
• Anonymmen Don (w.e.g op den Extrait - Don anonymm - schreiwen)
Iwwerweise kënnt dir d’Suen op eise Kont:
Eechternoacher Massdéiner
BCEE: IBAN LU69 0019 8400 2289 0000
Vermierk: „Numm a Virnumm + Sponsoring Broschür“
Am Viraus en grousse Merci fir är Ënnerstëtzung!
De Comité vun den Eechternoacher Massdéiner“

***********************************************************

Dat ganzt Joer 2019 ass fir d’„Eechternoacher Massdéiner“ e Jubiläumsjoer a steet bei eis ënnert dem Feieren vum 30. Gebuertsdag vum Veräin mat dem Motto „Frëndschaft am chrëschtlechen Glaawen“.
Mir wiere frou fir Iech och am Laf vum ganze Joer op eise ville verschieddenen Aktivitéiten a Festivitéiten am Kader vum 30. Anniveraire begréissen ze kënnen.
Feiert mat eis!
Mir soen elo schons e grousse MERCI fir all Ënnersëtzung an Unerkennung vun eisem Veräin.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement