Konsdref

Hutt Dir eng Klibber doheem iergendwou ronderëm leien, déi Dir net méi braucht an Dir wësst net wat Dir domatter maache sollt. D’Massendénger freeën sech iwwer all Klibber fir hire Klibberstock ze vergréissere fir deene Kanner zur Verfügung stellen déi si daper beim Klibberen an den Dierfer vun der Gemeng ënnerstëtzen.

An der Mass aktiv matmaachen - Klibbere goen – een Ausfluch matmaachen – Member vun engem klengen aktive Grupp sinn – bäi nationalen Aktivitéite fir Massendénger matmaachen – Oktavpilgermass fir Massendénger – grousse Massendéngerdag - eemol als Massendénger mat op Roum fueren.... dëst an nach villes méi kanns du bäi de Massendénger erliewen!

Komm! Mir brauchen dech!!!

De Massendéngergrupp aus der Par Konsdrëf sicht Kanner a Jugendlech déi bäi hire Grupp dobäi komme wëllen – all Kanner vum Cylce 3.1. un, sinn häerzlech wëllkomm.

Kontakt vum Massendéngerresponsabel:
Tanja Konsbruck
18, rte de Luxembourg
L-6210 CONSDORF

massendengerconsdorf pt.lu
tel: 79 05 22 55

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement