2019

 

2019

Ëmfro fir d’Paren: Unzuel vun de Massendénger, Aktualisatioun vum Fichier vun eise Massendéngerresponsabel. w.e.gl. sou séier wéi méiglech an d’Zentral raschécken. VILLMOLS MERCI fir all Kooperatioun.

Fichier 2019

Liturgesche Kalenner (bis den 10.10.2019) bestellen

Bestellziëdel Kalenneren

D’Lëtzebuerger Massendénger sinn houfreg drop, datt den Här Jean-Claude Hollerich zum Kardinol ernannt ass. Eis allerbeschte Wënsch an dem Härgott säi Seegen.
Leider kennen d’Massendénger deen Dag vum Consistoire (05.10.2019) net live zu Roum dobäi sinn - dofir luede mir jiddereen an, fir de Consistoire, wou jo eisen Äerzbeschof, de Mgr. Jean-Claude Hollerich vum Poopst Franziskus zum Kardinol erhuewe gëtt, op cathol.lu ze kukken. Kukkt dofir ee Samsdeg de Livestream vu Roum (05.10. ëm 16.00 Auer).

9.11.2019: keng Pilgermass zur Éier vum Hellege Willibrord an der Basilika zu Iechternach

9.11.2019: Andacht an der Kathedral zum Ulass vun der Kardinolsernennung :

Andacht 09.11.2019

10.12.2019: Begéignungsowend fir d’Massendéngerresponsabel (iwwer 16 Joer) vun der ganzer Äerzdiözes am Bëschofshaus (18.30 - 21.00 Auer)

Hutt Dir eng Iddi fir eng Aktivitéit mat Massendénger: Loosst äis déi wëssen, mir versichen eist Bescht fir eppes dozou ze realiséieren.
Dir kennt och ganz gär, op Rendez-vous bei äis an der Zentral an eis vill Aarbechtsmaterialien eraluusse kommen.

Mir sammelen an der Zentral alles iwwer den hellegen Tarcisius - Hutt Dir Legenden, Biller, Fotoen, .... kontaktéiert eis einfach. Nëmmen esou kann eisen Dossier zu eisem 1.Schutzpatréiner méi gefëllt ginn. Elo scho scho villmols MERCI fir all Mathëllef.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement