Ausfluchsdag fir all Massendénger

Diözesanen Ausfluchsdag fir d‘Lëtzebuerger Massendénger

Samschdes, den 28.09.2019 war et souwäit: Eisen éischten diözesanen Ausfluchsdag, organiséiert vun der Ékipp Lëtzebuerger Massendénger, stoung um Programm.
Moies um 10 Auer huet sech eng Grupp vun 42 Persounen (Massendénger a Begleeder) aus allen Deeler vun eiser Äerzdiözes zu Esch-Belval getraff.
No enger klenger Aféierung an d‘Geschicht vun Esch-Beval goung et lass: De Site „Belval“ gouf besicht a mir haten d‘Chance den Héichuewen ze besichen.
No der flotter Visitt, wou souguer d‘Wierder eis net allzevill am Stach gelooss hat, si mir zesummen an de Parsall vun Esch Saint-Joseph gefuer. Hei hunn d‘Scouten eis mat engem gudde Wippche gestäerkt an ee gutt Stéck Kuch huet eis nees nei Energie fir d‘Visitt vun der Kierch mat hirer wonnerbarer Uergel ginn. Eng kleng Ofschlossfeier huet eisen Dag gekréint.
Een neie Rendez-vous hunn d‘Massendénger sech fir den 09. November an der Kathedral ginn – deen Dag ass eng feierlech Andacht zum Ulass vun der Ernennung vum Här Hollerich zum Kardinol. Den Här Hollerich ass ganz staark mat de Massendénger verbonnen. Säit Abrëll 2019 ass hien, niewent villen aneren Aufgaben, houfrege President vum CIM (Coetus Internationalis Minsistrantium), dem internationale „Massendéngerverband“. Lëtzebuerg war 1960 hei Grënnungsmember a schafft zanterhier ganz aktiv am CIM mat.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement