Tarcisiusfeier fir d’Massendénger

09.07.2019

D‘Massendénger aus der Äerzdiözese Lëtzebuerg hu sech, wéi schonn déi vergaange Joren, fir den 09. Juli an enger Par getraff, fir un den hellegen Tarcisius, hirem éischte Schutzpatréiner, ze denken.
Dëst Joer ware si op Invitatioun vun de Massendéngerverantwortlechen aus der Par Äischdall-Helpert Saint Willibrord fir déi Geleeënheet zu Biissen um Woobierg.

Ugefaange gouf mat enger Gedenkfeier zur Éier vum Hellegen Tarcisius an der flotter Kapell um Woobierg, déi vum Nationalaumonier vun de Lëtzebuerger Massendénger, dem Här Paschtouer Jean-Pierre Reiners zelebréiert gouf.
Uschléissend sinn d‘Massendénger all zesummen op déi grouss Grillplaz um Woobierg getrëppelt, wou ee puer gemeinsam Spiller an ee gemittleche Grillowend vun de Massendéngerrensponsabel aus der Gaaschtpar virbereet goufen.
All Massendénger sinn elo schonn häerzlechst agelueden, fir sech den 09. Juli 2020 ze treffen.





PDF 432.9 kB, 17. Mee 2019
Tarcisiusfeier-Umeldungsziëdel
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement