Willibrordusoktav

07.11.2020: Haut denke mir ganz besonnesch un den Hellege Willibrord, eisen zweete Schutzpatréiner (säit dem 07.11.2015)

07.11.2020: Pilgerdag fir d‘Massendénger zu Iechternach (Willibrordusoktav) => ofgesot.

HEI kann ee méi Informationen zur “Willibrordusoktav 2020” noliesen.

HEI: ee flott Buch iwwer d’Liewe vum Hellege Willibrord (d’Buch ass a 5 verschidde Sproochen ze kréien: lëtzebuergesch, däitsch, franséisch, portuguiesch an hollännesch)

Hellege Willibrord!
Eise Léiermeeschter am Glaf,
besonnesche Schutzpatroun vun eisem Land.
Däi Graf an eiser Mëtt gëtt
opgesicht vu Grouss a Kleng.
Däi Gebiet gëtt gefrot fir Gesond a Krank.
Mir soen Dir Merci fir Deng Hëllef.
Mir verspriechen Dir,
Däi Wierk an Erënnerung ze behalen an
Dech net ze vergiessen.
Mir vertrauen Dir un,
wat eis léif an eegen ass:
Eis Kanner a Jugendlech,
déi Erwuessen an déi eeler Leit.
Géi Du mat eis de Wee duerch d’Liewen.
Hëllef eis, bieden a schaffen.
Léier eis, gleewen an hoffen.
Erhal eis d’ Léift an de Fridden
a féier eis zu Gott.
Amen.



 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement