Klibberen

07.04. + 08.04.2023: #klibberen #klibberen2023
Klibberen an den Dierfer

Alle Massendénger mat hire Frënn aus der Schoul / dem Duerf, Massendéngeresponsabel, Begleeder - ALLE Bedeelegten - Grouss a Kleng- ee grousse, waarme MERCI fir all Är Engagementer wärend der “Klibberzäit”.
Vill Massendénger haten niewen dem Klibberen och nach Asaz an de Gottesdéngschter vun de Kardeeg gewisen - a waren nach dee ganzen Ouschterweekend an den Ouschtermassen (Ouschternuecht, Ouschtersonndeg, Ouschterméindeg) an de Kierchen am Asaz!
Merci fir alles - Dir sidd ganz wäertvoll an Ären Dierfer/Paren! Bleift weiderhin aktiv dobäi - ouni Iech ass et net sou lieweg!
Iech all geseenten Ouschteren an eng gutt Ouschterzäit!

Hei: Fotos-Galerie 2023
“Klibbere goen” ass den 20. Dezember 2022 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. (Trägergesellschaft sinn d’Lëzebuerger Massendénger). Mei Informatiounen an ee vun eist grousst ausgeschaften Informatiounsdokument (PDF) zum Klibberen:

Info-Begleetdokument

Klibbere gesicht:
Hutt Dir eng Klibber doheem an si hënnert Iech bzw. dir kennt déi net méi gebrauchen? Kee Probleem - d’Lëtzebuerger Massendénger freeë sech iwwer all Klibber fir hire Klibberstokk ze vergréisseren. Esou kenne mir Klibberen un déi Gruppe verléngen, déi der net genuch hunn.

Mellt Iech einfach bei eis a mir kennen dann eppes ausmaachen.
Kontakt:massendenger cathol.lu
Telefon: 44 743 243

07.04. + 08.04.2023: #klibberen #klibberen2023
Klibberen an den Dierfer
Sidd all mat dobäi - Karfreideg a Karsamschdeg gëtt hei zu Lëtzebuerg geklibbert!
Déi Deeg laude keng Kiercheklacken - Massendénger / Kanner gi fir d’Moies-, d’Mëttes- an Owesklack duerch d’Dierfer klibberen a ruffen dobäi “d’Moiesklack laut / d’Mëttesklack laut / d’Owesklack laut” (dacks sinn et och méi laang Spréch - méi Informatiounen heizou am grousse PDF-Dokument mi ënnen op eiser Homepage). Et gëtt awer och fir d’Gottesdéngschter an der Kierch mat de Klibberen “gelaut” z.b: fir op Karfreideg zesummen an der Kierch de Kräizwee ze bieden, fir an d’Karfreidegliturgie ze kommen oder fir op Karsamschdeg fir an d’Ouschternuechtfeier ze kommen.

ganz wichteg: benotzt Dir gären fir Är Klibber-Publizitéit de Logo vun IKI? Opgepasst: dëst musst Dir ufroen - gären stelle mir do fir Iech de Kontakt hir. Mellt Iech bei eis an der Massendéngerzentral a mir hëllefen Iech weider.
Fir de Logo vun de “Lëtzebuerger Massendénger”: benotzt do w.e.gl. dee vun eis adaptéierte Logo fir Är Par (krut all Parsekretariat viru längerem zougemailt)- sollt Dir deen net méi hunn/net méi remfannen: Mellt Iech bei eis an der Massendéngerzentral a mir schekken Iech deen nach eemol. Wëllt Dir och nach Är Gemeng / Duerf dobäi stoen hunn: Kontaktéiert eis och an da realiséiere mir dëst op Wonsch!

net vergiessen:
Fotoen/Videoen vum Klibberen eis ranzemailen.
Gären dierft Dir si och (wann dir all Rechter ofgekläert hutt) an de soziale Medien mat #klibberen #klibberen2023


ganz wichteg: benotzt Dir gären fir Är Klibber-Publizitéit de Logo vun IKI: dëst musst Dir ufroen - gären stelle mir do fir Iech de Kontakt hir. Mellt Iech bei eis an der Massendéngerzentral a mir hëllefen Iech weider.

Link: Artikel 2023 vum “Luxemburger Wort”

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement