Massendénger gëscht-haut-mar

Massendénger: gëscht-haut-mar

Massendénger si laang net méi nëmmen dat, wat se emol waren...

Haut kënnen: Meedercher a Jongen / Kanner a Jugendlech / Erwuessener de Massendénger-Déngscht an der Kierch iwwerhuelen.

Massendénger sinn och Chrëschten, si sëtzen sech fir anerer an a verbréngen hir Fräizäit zesummen.

Massendénger an hirem Déngscht

D’Massendénger stinn am Déngscht vu Gott a vun deenen, déi de Gottesdéngscht mat feieren.
D’Massendénger sinn nët nëmmen an der Mass am Déngscht, mee bei allen Zorte vu Gottesdéngschter.
Zu deem Déngscht gehéiert vill: virum Gottesdéngscht alles virbereeden, Brout a Wäin op den Altoer bréngen, Affer ophiewen, schellen oder de Gong schloen, de Wäihrauch gutt dämpe loossen, Käerze bréngen an unhalen, matbieden a matsangen ...

Massendénger als Chrëschten

De Massendénger-Déngscht ass eng Aufgab an der kathoulescher Kierch. D’Massendénger gehéieren zur chrëschtlecher Gemeinschaft.
Als Chrëscht ass de Massendénger do, fir: eng Jugendmass mat virbereeden, iwwert eise Glawen ze diskutéieren, op Roum oder Lourdes ze pilgeren, a Gemeinschaft ze bieden, klibbere ze goen, an der Oktav dobäi ze sinn, beim Pélé des Jeunes, si fueren op den internationale Massendéngercamp ...

Massendénger am Asaz fir anerer

D’Massendénger denken net nëmmen u sech. D‘ Massendénger sinn dobäi, wann et ëm Hëllef fir anerer geet.
Si gebrauchen hir Fäegkeeten, fir sech fir anerer anzesetzen, sief et: beim Porbasar, bei der Ouschtereeraktioun, fir Adventskränz ze bannen, bei der grousser Botz an der Gemeng, beim Krëppespill am Altersheim, beim Chrëschtmaart fir d‘Drëtt Welt, oder vill aner Aktivitéiten

Massendénger an hirer Fräizäit

Massendénger sinn awer och Jongen a Meedercher wéi déi aner, déi sech un deene schéine Saachen vum Liewen freeën.

An hirer Fräizäit ënnerhuelen d‘Massendénger munches mat anerem am Grupp: si ginn zesummen an de Kino, si organiséieren eng Grillparty, si maachen een Ausfluch, si verbréngen eng Vakanz zesummen, si ginn eppes besichen, si erliewen een Nomëtteg zesummen, si diskutéieren iwwert aktuell Themen, si fueren op den internationale Massendéngercamp


Wëllt dir méi gewuer ginn iwwer d‘Lëtzebuerger Massendénger?

=> da kommt an de Centre Convict (5 avenue Marie-Thérèse, L-2123 Lëtzebuerg)
=> rufft un um Telefon 4 47 43 – 243
=> faxt op d‘Nummer 4 47 43 – 248
=> schéckt eis ee Mail op d‘Adress: massendenger hotmail.com
=> schwätzt mam Massendénger - Responsabel aus ärer Por

Komm bei d‘Massendénger,

Maach mat an däi Liewe gëtt anescht!

D’Massendénger:
Meedercher a Jongen
Grouss a kleng

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement