|
lb fr
Eis nei Mataarbechterin stellt sech virkurze Message vum Linda Klaes
Mäin Numm ass Linda, sinn 28 Joer al a si säit dem 20ten September déi nei Mataarbechterin vu MISSIO Lëtzebuerg. Ech maachen aktuell bei MISSIO mäin Apprentissage Adulte als Agente administrative et commerciale. Mäin Aufgabeberäich ass d’Mme Grün bei de Bürosaarbechten ze ënnerstëtzen, esou dass si sech och ka méi Zäit huele fir hir Relatioune mat de Paren. Déi leschte Méint viru mengem Apprentissage hunn ech fir d’Hotline vum Large Scale Testing geschafft, wat mer eng wichteg éischt Erfarung ginn huet op mengem Beruffswee, deen ech elo ageschloen hunn. 2019 hunn ech mäin Apprentissage Adulte als Conseillère en Vente beim Kaempff-Kohler ofgeschloss. Ech freeë mech immens bei MISSIO ze schaffen an déi verschidde Projeten an de Paren ze begleeden. |