|
fr lb
Weltmissounssonndeg 2022Weekend vum 22 & 23 OktoberDe Weltmissiounssonndeg réckelt ëmmer méi no. De Weekend vum 22. an 23. Oktober ass et souwäit. Et ass di gréissten Solidaritéitsaktioun vun der kathoulescher Kierch weltwäit. Dëst Joer ass den Weltmissiounssonndeg verbonnen mat zwee Jubiläen. Et sin nämlech 200 Joer, dass d’Pauline Marie Jaricot d’Wierk vun der Glawensverbreedung an d’Liewen geruff huet. Domat huet si d’Missionaren an der Welt ënnerstëtzt engersäits op finanziellen Plang, op der anerer Säit awer och duerch d’Gebied. Da sinn et awer och 100 Joer, dass d’Wierk vun der Glawensverbreedung als peepstlecht Wierk unerkannt gouf. D’Wuert vum Här Kardinol, de Begleetbréif vun eisem Nationaldirekter, dem Abbé Maurice Péporté, e Bestellziedel fir Material an 2-3 Plakater ginn an deenen nächste Woche mat der Post geschéckt. Eng Propose fir e Gottesdéngscht ass och an deenen nächste Wochen op eisem Site fir erofzelueden. Mir hunn elo d’Plakat fir de Weltmissiounssondeg als -pdf op eisem Site fir erofzelueden, wann een dat op e Parblat oder soss verëffentleche wëll. Wien dat en enger méi grousser Opléisung als -jpg Datei wéilt hunn, kann sech gäre bei eis per Email oder Telephon mellen a natierlech och bei eis zu Beetebuerg am „Centre MISSIO“ laanscht kommen. |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement