fr lb

Weltmissounssonndeg 2022

Weekend vum 22 & 23 Oktober

De Weltmissiounssonndeg réckelt ëmmer méi no. De Weekend vum 22. an 23. Oktober ass et souwäit. Et ass di gréissten Solidaritéitsaktioun vun der kathoulescher Kierch weltwäit. Dëst Joer ass den Weltmissiounssonndeg verbonnen mat zwee Jubiläen.

Et sin nämlech 200 Joer, dass d’Pauline Marie Jaricot d’Wierk vun der Glawensverbreedung an d’Liewen geruff huet. Domat huet si d’Missionaren an der Welt ënnerstëtzt engersäits op finanziellen Plang, op der anerer Säit awer och duerch d’Gebied.

Da sinn et awer och 100 Joer, dass d’Wierk vun der Glawensverbreedung als peepstlecht Wierk unerkannt gouf.

D’Wuert vum Här Kardinol, de Begleetbréif vun eisem Nationaldirekter, dem Abbé Maurice Péporté, e Bestellziedel fir Material an 2-3 Plakater ginn an deenen nächste Woche mat der Post geschéckt.

Eng Propose fir e Gottesdéngscht ass och an deenen nächste Wochen op eisem Site fir erofzelueden.

Mir hunn elo d’Plakat fir de Weltmissiounssondeg als -pdf op eisem Site fir erofzelueden, wann een dat op e Parblat oder soss verëffentleche wëll.

Wien dat en enger méi grousser Opléisung als -jpg Datei wéilt hunn, kann sech gäre bei eis per Email oder Telephon mellen a natierlech och bei eis zu Beetebuerg am „Centre MISSIO“ laanscht kommen.

PDF 1.9 MB, 19. Oktober 2022
Bilan 2021
PDF 98.1 kB, 12. Oktober 2022
Materialbestellung WMS 2022
PDF 70.9 kB, 12. Oktober 2022
Priedegtgedanken WMS 2022
PDF 62.1 kB, 12. Oktober 2022
Fürbitten WMS 2022
PDF 51 kB, 12. Oktober 2022
Afeierung a begreissung
PDF 670.6 kB, 13. September 2022
Plakat WMS 2022
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement