lb fr

Chrëschtdag to go

Chrëschtdag feieren an a mat der Famill.

An dësem Joer si mir nach ëmmer an der Situatioun vun der Corona-Pandemie, wéi d’Aschränkungen sech op Gottesdéngschter, Chrëschtfeieren a Rassemblementer auswierke, wësse mir nach net.
Dofir wëlle mir als Kannermissiounswierk eng Offerte maachen, dat jidderee kann eppes maachen.

Mir invitéieren iech, Material erofzelueden, erauszeprinten an de Leit an äre Kierchen entweder op der Plaz an Enveloppen zur Verfügung ze stellen oder et de Famillje vun de Kanner an der Kateches auszedeele – oder béides ze maachen.

Fir doheem an der Famill zesummen ze sinn an sech mat der chrëschtlecher Botschaft ze beschäftegen, kann een eng kleng Geschicht liesen, eppes molen a bastelen an sou vläit net mateneen an enger Feier an der Kierch mee awer zesumme Chrëschtdag feieren.

Mir hunn eng kleng Chrëschtgeschicht op däitsch a franséisch fir erofzelueden, eng Krëppenduerstellung fir ze molen an eng Virlag fir Stäre erauszeschneiden an ze fierwen. D’Iddi dovunner ass, dat an der Famill d’Stäre mat engem Numm oder Wonsch beschrëft ginn. Dës Stären kann een dunn doheem un d’Beemchen hänken, engem léiwe Mënsch schenken, oder un d’Fënster hänken. Dommadder weise mir eis Verbonnenheet een mat dem aneren.


PDF 28.6 kB, 9. Dezember 2021
Eng kleng Geschicht
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement