Kannermissiounssonnden 06. / 07. Februar 2021

Thema: Eng Stäip fir Kanner sinn

Wéi all Joer ass Ufank Februar de Kannermissiounssonnden.

An dëser Zäit vun der Pandemie ass et besonnesch wichteg, d’Mënschen a virun allem Kanner an de Länner, déi ënnert Aarmut an defavoriséierten Ëmstänn leiden ze hëllefen.

Vu datt et lo net einfach ass eppes ze preparéieren oder zesummenzekommen, fir iwwer d’Situatioun ze informéieren an eppes op d’Been ze stellen, wéi Stäresänger, déi duerch d’Duerf ginn an Done sammelen oder en Apero bei dem Sue fir de Kannermissiounssonnden erakommen oder “just” eng Familljemass mat enger Erklärung vum Projet an dem Affer fir d’Kannermissioun.

An dësem Joer ass villes anescht an dir kennt dem Artikel e klengt Ebook fannen fir mat Kanner eppes iwwer de Projet an der Ukrain gewuer ze ginn.

Dir fannt awer och Material fir erofzelueden an erauszeprinten um Site, genee wéi en Ziedel fir d’Commande vun den “Jahrbücher” an der DVD iwwer d’Ukrain.

Mir soen der Madamm Christiane Hoffmann Merci fir hir Aarbecht. Si huet d’Ebook, d’Videoen an d’Plakat erstallt.

Och d’Virlag fir de Gottesdéngscht huet si preparéiert.

https://read.bookcreator.com/hcA0ngQ1m6IzTSwBCVUkcGDiszds5BpBwhWfmLn2jz8/KiDxEA_HRBGajT_vJGdiAQ

Alternativ: de Video op franseisch...

PDF 271 kB, 18. Januar 2021
Bausteine für einen Gottesdienst
PDF 842.5 kB, 13. Januar 2021
Wuert vum Kardinol
PDF 1.2 MB, 13. Januar 2021
Plakat KMS 2021
PDF 202.7 kB, 13. Januar 2021
Bréif vum Nationaldirekter
PDF 183 kB, 13. Januar 2021
Bestellziedel
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement