Zeie sinn och haut

Weltmissiounssonnden zu Uespelt an um Houwald 15. an 16.10.2022 an zu Beetebuerg den 22.10.2022

Familljemass fir Weltmissiounssonnden 2022
Familljemass um Houwald

MISSIO weltwäit feiert elo 200 Joer d’Wierk vun der Glawensverbreedung (Propagation de la foi) an hir Grënnerin déi Séileg Pauline Marie Jaricot.
Ënnert dem Motto „Dir wäert meng Zeie sinn!“ hu mir am Missiounsmount de Weekend vum 15./16./22.10.2022 Masse gefeiert.
An drei Familljemassen hunn d‘Kanner, déi Jonk an Erwuessenen nogeduecht wat et bedeit Zeien ze sinn, wat Missioun ass a wéi sech de Glawen an der Welt verbreet.

Dobäi ass och doriwwer geschwat ginn, wéi sech eng Iddi iwwer déi ganz Welt verbreede léisst: Wann d’Pauline Jaricot net sou vun hirer Iddi begeeschtert gewiescht wier, dat si vill Mënsche motivéiert hätt, mat hir zesumme Suen ze spenden, zesummen ze bieden an de Glawen ze deele géif et haut vläicht keng Missiounswierker an dëser Form ginn.

Verkaf vu Saachen aus aller Welt fir MISSIO-Projeten

An esou war de Resumé vun der Mass: Wann een eng gutt Iddi huet, muss een sech Leit sichen, déi mat op deem Wee ginn dës Iddi ëmzesetze fir eng besser Welt matzegestalten.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement