Liens . Links
 

Villmools Merci allen Donateuren | 2021

D’Fondation Sainte-Irmine an d’Ekipp “Reech eng Hand” soen allen Donateure villmools Merci!

Virun engem Mount, méi genee den 21. Juni 2021, hat d’Fondation Sainte-Irmine zesumme mat der Ekipp vu “Reech eng Hand” en neie Spendenopruff gestart fir déi zwou Flüchtlingsfamilljen, déi op Initiativ vum Kardinol Jean-Claude Hollerich am November 2019 hei am Land opgeholl goufen.

Bis Enn dës Joer muss d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg finanziell fir all Ausgabe vun de Familljen opkommen. Zil vun dësem Appell war et, ongeféier 25.000 € un Donen ze sammelen, fir all Käschte bis Enn 2021 ze decken. Mat Ärer Hëllef konnt dësen Objectif net nëmmen erreecht, ma esouguer däitlech iwwertraff ginn. Méi wéi 120 Donateure vum Projet “Reech eng Hand” hu positiv op eisen Opruff geäntwert a sech nees eng Kéier solidaresch a generéis gewisen.

Am Ganze si bis elo 35.975 € un Donen erakomm. – Déi Suen, déi net fir beid Famillje gebraucht ginn, ginn um Enn vun dësem Projet fir aner Aktiounen zu Gonschte vu Flüchtlingsfamilljen agesat.

Am Numm vun den zwou Familljen, der Ekipp vu “Reech eng Hand” an alle Bénévolen, déi si op déi eng oder aner Manéier ënnerstëtzen, seet d’Fondatioun allen Donateuren en häerzleche Merci fir dës aussergewéinlech Ënnerstëtzung!

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement