„Café Solid-éc“ am Steeseler Veräinshaus „Cercle“

vun der lokalen Antenne vum Projet „Reech eng Hand“ am Parverband Steesel-Walfer

„Café Solid-éc“ : Oppen Dieren fir e solidaréscht Nolauschteren
Ouverture Dënschdeg, den 12. Juli am Steeseler Veräinshaus „Cercle“
Déi lokale Antenne vum Projet „Reech eng Hand“ am Parverband Steesel-Walfer huet all interesséiert Mënschen fir Dënschdeg, den 12. Juli 2016 vun 16h00 bis 19h00 an d‘Steeseler Parheem (3, rue Paul Eyschen, L-7317 Steinsel) invitéiert. Anere Datumer sinn den 8. November 2016, de 6. Dezember 2016, an de 10. Januar 2017.
Et konnt en einfach just eng Taass Kaffi, Téi oder e Stéck Kuch iesse kommen. Jiddereen huet awer och d‘Méiglechkeet mat de Memberen vum Grupp zwanglos an d‘Gespréich ze kommen gehat. All Kommunikatioun ënnerläit der Diskretioun an der Anonymitéit. Dobäi stinn den Austosch an d‘Nolauschteren am Zentrum.
Dës Offer riicht sëch u Jiddereen den op der Siech no Kontakt a Gespréicher an enger frëndlecher, acceuilanter a solidaréscher Ambiance ass.
Méi Informatiounen gëtt et beim Pastoralreferent Karsten Steil-Wilke, Tel : 26334024 oder per Mail : karstensteil gmx.net.

— 

„Café Solid-éc“ : Portes Ouvertes pour une écoute solidaire
Ouverture mardi, le 12 juillet au Centre Paroissial à Steinsel
L‘antenne locale du projet „Reech eng Hand - Tends la main“ de la communauté pastorale Steinsel-Walferdange a invité toutes les personnes intéressées mardi, le 12 juillet 2016 de 16h00 à 19h00 au Centre Paroissial de Steinsel (3, rue Paul Eyschen, L-7317 Steinsel). Avec également d’autres dates : le 8 novembre, le 6 décembre 2016 et le 10 janvier 2017.
On peut tout simplement passer pour une tasse de café, thé ou pour manger un gâteau. Chacun/-e a eu aussi la possibilité d’échanger avec les membres du groupe, sur la base de la discrétion et de l‘anonymat car l’échange et l’écoute sont les points-clés de ce projet. Cette offre s’adresse à tous celles et ceux qui recherchent une ambiance conviviale, accueillante et solidaire.
Plus d’informations auprès de M. Karsten Steil-Wilke, coopérateur pastoral, tél : 26 33 40 24 ou par courriel : karstensteil gmx.net.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement