Services
 
fr lb pt

D’Cathol-Äpp

Dir fannt an der Äpp:

  • D’Texter vum Dag op verschidde Sproochen
  • D’Gottesdéngschter mat Sich no Par, Uertschaft, Sprooch an Distanz
  • Den Agenda vum Bistum, vun de Paren a Gemeinschaften
  • Neies um Web op de Säite vum Bistum, vun de Paren a Gemeinschaften
  • De liturgesche Kalenner vun haut bis an d’Joer 2060
  • Gebieder op verschidde Sproochen
  • Kontakter, mat fräier Text-Sich a pro Rubrik

D’Äpp ënnerstëtzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Portugiesesch an Englesch.

Wann Dir Ideen hutt, dann zéckt net ons se matzedeelen: Mail un de Jim.

Installatioun

D’Cathol-Äpp gëtt säit Juli 2017 net méi iwwert Google Play oder Apple iStore verdeelt.
Déi Äppen, déi iwwert den ale Wee (Store) installéiert goufen, ginn Enn September 2017 desaktivéiert.
Dir fannt hei drënner, wéi Dir se op ärem Handy oder Tablet installéiere kënnt.

Android

Maacht de Chrome-Browser op a surft op https://mobile.cathol.lu [Fig.1]
Wann eng Fënster opgeet, déi d’Installatioun virschléit, da klickt op de Knäppchen [Fig. 2]
Wann net, da klickt op de Menü (3 Punkten uewe riets) a wielt [Zum Startbildschirm hinzu] [Fig. 3]
Klickt op [Hinzufügen] [Fig. 4]
D’Äpp gëtt installéiert an op äre Startbildschirm bäigesat. [Fig. 5]

Fig. 1
Fig. 2
Fig. 3
Fig. 4
Fig. 5

iOS

Maacht de Safari-Browser op a surft op https://mobile.cathol.lu [Fig.1]
Klickt am Menü op [Teilen] an dann op [Zum Home-Bildschirm] [Fig. 2]
Klickt op [Hinzufügen] [Fig. 3]
D’Äpp gëtt installéiert an op äre Startbildschirm bäigesat. [Fig. 4]

Fig. 1
Fig. 2
Fig. 3
Fig. 4
 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu