De Wiefstull-Dag ass op fir all d’Mataarbechter (haaptberufflech oder benevole) vun der Kierch zu Lëtzebuerg, déi dat grousst Netz vum Internet an/oder der Kommunikatioun wieven, an hirem Porverband, hirem Service, Mouvement, Uerden, oder soss.
Mir verbréngen en Dag mat Konferenzen an Ateliere fir Neies ze gesinn a mir léieren eis Kollegen a Kolleginne kennen, déi och um groussen Netz wiewen.
Wéini a wou?
Dëst Joer ass de Wiefstull-Dag Samschdes, de 24. Oktober 2015 vun 8.45 bis 17.00 Auer bei de Franziskanerinnen um Belair.
Käschten: 19 Euro (Tarif fir d’Mëttegiessen + Kaffis-Pause bei de Franziskanerinnen, gëtt op der Plaz bezuelt).
Programm
| Vun 8.00 Auer un |
Accueil |
|
| 8.45 Auer |
Ufank am Gebiet |
all zesummen |
| 9.00 Auer |
Atelieren |
a klénge Gruppen |
| 10.00 Auer |
Atelieren |
a klénge Gruppen |
| 11.00 Auer |
Paus |
all zesummen |
| 11.15 Auer |
Konferenz: Authorerechter |
all zesummen |
| 12.15 Auer |
Mëttegiessen |
all zesummen |
| 13.30 Auer |
Speed-Meeting fir är technesch Problemer |
all zesummen |
| 14.00 Auer |
Atelieren |
a klénge Gruppen |
| 15.00 Auer |
Atelieren |
a klénge Gruppen |
| 16.00 Auer |
Paus |
all zesummen |
| 16.15 Auer |
What’s new? Mir stellen Iech kuerz 3-4 nei Saache vir |
all zesummen |
| 16.45 Auer |
Ofschloss vum Dag |
all zesummen |
Atelieren
Atelier 1: ONLINE-PRINTERS
E Flyer, eng Brochure bei Online-Printers bestellen. Wéi geet dat a wourop muss ech oppassen (Ränner, Faarwen, Fotoen, ...).
Atelier 2: EXCEL BASICS
Eng Aféierung an d’Schaffe mat enger Excel-Tabell – Lëschte verwalten an einfach Rechentabelle konfiguréieren (mat Praxis-Deel).
Atelier 3: WORD TIPS & TRICKS
Wéi kann ech an engem normale Word-Dokument zousätzlech Konfiguratiounen uwenden – Kappzeil, Fousszeil, Säitenzuelen, verschidde Paragrafen, integréiert Tabellen, extra Textfelder a villes méi (mat Praxis-Deel).
Atelier 4: WORD & EXCEL IN LOVE
Wéi verkoppelen ech Word an Excel fir aus Adresselëschten Etiketten oder personaliséiert Bréiwer ze maachen (mat Praxis-Deel).
Atelier 5: MAILCHIMP
Mailchimp ass e gratis Newsletter-System. Mir léieren eng Adresselëscht uleeën a verwalten, eng Newsletter uspriechend gestalten a verschécken, mat verschidde Modeller schaffen, d’Emaile personaliséieren oder u just een Deel vun de Leit verschécken.
Atelier 6: SPIP RELOADED
Tipps a Suggestioune fir är Websäiten um web.cathol.lu – wat geet a wat geet net, an op wat muss ech oppassen fir dat de Site och op mat engem Handy/Tablette ka gekuckt ginn.
Atelier 7: GOOGLEMANIA
Een Iwwerbléck iwwert all d’Google Servicer: Gmail, Calendar, Google+, Drive (online/offline), Picasa, Youtube, Keep, Analytics, Maps, Translate, Play, Cast, Sites, Groupes, News, Alerts, Hangouts, Earth, Streetview, Art Project, Url Shortener, Panoramio, Google Glass, Google Car, Google X Labs, etc.
Atelier 8: BILLER FIR D’FOTOTHÉIK
Wéi kann ech einfach Korrekture vu Fotoe maachen a wéi organiséieren ech Biller an engem gemeinsame Katalog.