Save the date
CATHOL WEB DAG DE 14. OKTOBER
Léif Webmaster,
Léif Mataarbechterinnen a Mataarbechter,
Léif Frënn vum fréiere Wiefstulldag,
De Cathol Web Dag 2017 (fréier Wiefstulldag) ass dëst Joer e Samschdeg, 14. Oktober, am Centre Jean XXIII, vun 8.45 Auer bis 16.15 Auer. Notéiert Iech elo schonn dësen Datum.
Programm
- Spirituell Aféierung a Verlaf vum Dag
8h45. (Roger).
Zesummen an d’Wollek! E groussen, gemeinsamen Atelier fir jiddereen. Mir weisen Iech wéi dir haut kënnt “an der Wollek” zesummeschaffen, och wann Dir wäit E vun deem Anere sidd.
- 9h00 Wat ass d’Wollek?
Eng Erklärung wat d’Wollek eigentlech ass. Kann een déi upaken ? Villäicht... (Jim). - 9h15 De Google Drive + Texter mat Google Docs
Mir ginn an ons perséinlech Wollek bei Google. Do kucke mir ons alles un a schreiwen en Text. Awer net eleng, mais simultan (an Echtzäit) mat de Kollegen. (Jim). - 9h45 Tabelle mat Google Sheets
(Gilberte). - 10h15 Formulaire mat Google Forms
D’Porfest steet erëm virun der Dir. A mir hun nach kee Formulaire fir sech unzemellen. Dat misste mer an enger hallwer Stonn hikréien, mir hu jo eng Wollek. (Jim). - 10h45 Paus
- 11h00 Gemeinsame Google-Kalenner
Wéi kenne mir als Equipe gemeinsam un engem Agenda schaffen? (Jang). - 11h30 Presentatioune mat Google Slides
Mir maachen eng Presentatioun fir d’Porfest virzestellen. (Christophe). - 12h00 E Google-Compte opmaachen
Op waat muss ech oppassen wann ech en Google Account opmaachen? (Jang). - 12h15 Synchronisatioun Wollek-Computer
Wéi kopéieren ech automatesch meng Wollek op meng Computeren an ëmgedréint (Jim).
12h30 Mëttegiessen
13h30 Atelieren
14h30 Paus
15h00 Atelieren
16h00 Ofschloss (Roger)
Dir kënnt mëttes an 2 Ateliere vun ärem Choix goen. Mir bidden un:
- Word and Excel in Love
Mir verkoppele Word an Excel fir aus Adresselëschten Etiketten oder personaliséiert Bréiwer ze maachen (Gilberte). - Ma paroisse sur les réseaux sociaux
Atelier en français. L’accès aux réseaux sociaux est l’activité n°1 sur Internet. Plus de 2/3 des internautes y passent en moyenne 2 h/jour. Quels sont les réseaux sociaux qui s’adaptent à vos besoins ? Facebook, Twitter, Snapchat, Instagram ? (Domingos) - (Gutt) Newslettere verschécken
Wat ass wichteg bei der Newsletter ? Inhalt, Form, Frequenz, Legislatioun ? A wéi verschéckt een eng Newsletter déi net direkt an de Spam flitt. “Mailchimp” ass e System dee mir ons dofir benotzen. (Jim) - La vidéo sur Internet
Atelier en français. Des millions de vidéos se disputent l’attention du public sur Internet. La vidéo constituera 80% du trafic d’Internet dans 2 ans. Découvrons quelques outils pour faire de la communication vidéo. (Domingos) - Wéi wier et mat engem Update fir mäi Site?
Ouschterbotz a Verjüngungskur: Raumen, aktualiséieren, étofféieren, presentéieren - wéi kann ech mäi Site mat neiem Inhalt valoriséieren? (Roger) - SPIP-Nohëllefs-Cours
Mir optimiséieren eis Websäiten am SPIP an adaptéieren se fir mobil Browser. (Christophe) - Wollek-Nohëllefs-Cours
Kee richtegen Atelier, mä Méiglechkeet fir är Froen ze stellen. Zéckt net wann Dir eppes net verstaan hutt. (Jang a Jim)
De Cathol Web Dag adresséiert sech un haapt- wéi éierenamtlech Leit, déi am kierchleche Raum aktiv sinn a sech ëm Kommunikatioun këmmeren, u lokal Webmasteren an un all Leit, déi zesumme schaffe wëllen an de Paren, Mouvementer, Associatiounen a Kongregatiounen.
Fir eventuell Froen am Virfeld kënnt Dir äis zu jidder Zäit kontaktéieren: com cathol.lu
Mir freeën äis elo schonn drop, fir Iech deen Dag verschidden nëtzlech Saach virzestellen a fir äis mat Iech auszetauschen.
D’Equipe vu cathol.lu: Christophe, Domingos, Gilberte, Jang, Jim a Roger