lb fr pt

Hëllef mam Livestream

Wat maachen, wann de Stream net geet?

De Livestream ass eng ganz komplex Installatioun an et gi vill méiglech Feelerquellen.

Fir datt de Stream bei Iech ouni Problem fonktionéiert, gëllen dës Konditiounen

  • Äre Betriebssystem vum Computer/Laptop/Smartphone/Tablet/SmartTV soll wa méiglech um neiste Stand sinn.
  • Och Ären Internetbrowser soll eng rezent Versioun hunn.
  • Dir braucht eng Breedband-Internetverbindung (DSL, Fiber, 3G/UMTS, 4G/LTE).

Folgend Problemer trieden op a sinn technesch op onser Säit ze léisen

  • De Stream fonktionéiert, mee et ass keen Toun beim Bild (wärend dem Gottesdéngscht)-
  • De Stream fonktionéiert, mee bei engem Kamerawiessel kënnt e schwaarzt Bild.
  • De Stream fonktionéiert, mee eng Kamera kuckt an eng falsch Richtung.
  • De Stream fonktionéiert, mee et sinn deelweils Stéierungen am Bild mat falsche Faarwen a véiereckege Flächen.
  • D’Bild ass (mat Momenter) schwaarz, mee et ass Toun do.
  • D’Bild ass schwaarz an et steet uewe lénks eng Feelermeldung “can’t establish connection”.
  • D’Bild ass schwaarz an et steet an der Mëtt eng Feelermeldung “broadcasting not available”.

=> Mellt Iech beim SCP, dës Problemer kënne mir kuerzfristeg selwer léisen.

Folgend Problemer kënnt Dir evtl. selwer léisen

  • De Stream huet Ënnerbriechunge resp. d’Bild ruckelt oder den Toun huet Aussetzer.
  • D’Riedchen (Throbber) dréint ëmmer nees wärend den Ënnerbriechunge vum Stream.

=> Är Internetverbindung ass net stabil – evtl. hutt Dir Problemer mam WLAN oder mobilen Internet, vläicht geet et duer, wann Dir Iech op enger anerer Plaz ophaalt.
=> Evtl. äre Router oder Internetverbindung nei starten.

=> Als Alternativ kënnt dir probéieren, dese Fichier op ärem Computer mat engem Media Player ze starten.

Folgend Problemer kënne mir net direkt léisen, mee sinn ons bekannt

  • D’Riedchen (Throbber) dréint, mee de Stream leeft dann eréischt mat Verspéidung.
  • D’Riedchen (Throbber) dréint, mee et kënnt guer kee Stream.
    => Mellt de Problem beim SCP.
    => Als Alternativ kënnt dir probéieren, dese Fichier op ärem Computer mat engem Media Player ze starten.

Aner technesch Problemer

  • De Knäppche mam Feil “Play” ass duerchgestrach, de Stream kann net gestart ginn-
  • Do, wou de Videoplayer soll sinn ass d’Internetsäit einfach eidel/wäiss, mee de Stream ass virdrun ouni Problemer um selwechte Computer gaangen.
    => Probéiert d’Säit nach eemol nei ze lueden.
    => Dir musst ee Moment waarden, bis de Player gelueden ass (± 2 Minutten).
    => Bei eisem Partner läit en technesche Problem vir, mellt de Problem beim SCP a mir leeden äert Uleies weider.
  • Do, wou de Videoplayer soll sinn ass d’Internetsäit einfach eidel/wäiss, dat war nach ëmmer esou.
    => Dir erfëllt verschidde Konditiounen net fir de Stream ze kucken. Probéiert en anere System fir de Stream ze kucken.

Als Media Player recommandéiere mir:

M3U Playlist 106 Byte, 29. Abrëll 2020
livestream-cathedral.m3u
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement