Aweiung vun der Kapelle am HPPA zu Klierf

den 29. Juni 2018

Texter Sr Dorothe-Maria, Fotoën www.cathol.lu an Sr Dorothe-Maria

Mir Mënschen kënnen dem Härgott iwwerall begéinen, an awer ass et gutt fir eis, dat et Plazen a Gebaier gëtt, déi fir den Gottesdengscht geweit sinn. Dofir hu mir Schwësteren dës Kapell gebaut, an enger Zäit wou et schengt, dat den Härgott an d’Kierch keng Plaz méi hun am Liewen vun de Mënschen.

D‘ Wei vun enger Kapell an dem Altor erënnert un eis Dâf. Den Altor versinnbildt Christus, deen liewegen Steen, den Grondsteen vun der Kierch. Dofir gëtt den Altor Christus geweit, so, wéi och mir an der Dâf him geweit gi sinn, an zu him gehéieren.
Allmächtiger Gott, durch das Wasser der Taufe
hast Du uns in die Gemeinschaft mit Dir
und in die Gemeinschaft der Kirche gerufen.
Segne + dieses Wasser.
Es nehme von uns, was uns von Dir trennt
und mehre unseren Glauben an Dich, die Quelle unseres Lebens.
Höre auf die Bitten deiner Gemeinde, die sich hier versammelt hat
und segne sie und diese Kapelle.
Lass die Gläubigen hier deine Nahe spüren
und in der Feier der Eucharistie
immer wieder deine Liebe erfahren.
Mach sie eines Herzens und hilf ihnen,
hier an diesem Ort dich dankbar zu preisen
und voll Vertrauen zu dir zu beten.
Steh ihnen bei in jeder Not
und lass sie sicher ans Ziel ihres Lebens gelangen.
Darum bitten wir durch Christus unsern Herrn.

Déi wonnerschéin Muttergottesstatue ass vun der Mme Hoffelt professionell restauréiert ginn. Dofir soën mir hir eis Unerkennung an e ganz häerzleche Merci.
Dës Statue – so huet Sr Johanna aus dem Sacré-Coeur ze zielen gewosst – ass no dem Krich an der Uelzecht fond, an hir bruecht ginn.
Mir sinn frouh, dat se elo hei vun Iech, léif Schwësteren a Bewunner, geéiert gëtt, andeems Dir Maria, der Mamm vum Jesus, Freed a Leed klôt, an Iech hirem mütterlechen Schutz uvertraut.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement