165 Joër

Vun 1847 bis haut

D’Kongregatioun vun de Franziskanerinnen vun der Barmhäerzegkeet ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert entstanen, wéi vill Fraen sech an der kathoulescher Kierch mobiliséiert hun, fir der Nout vun der deemoleger Zeit entgéint ze trieden an efficace Hëllef unzebidden. Am Groussherzogtum Lëtzebuerg war och net alles roseg: Déi meescht Leit liewen an aarme Verhältnisser, a wann d’Pescht oder d’Cholera ausbriechen, d’Mamm um Kandsbett stiewt, oder soss en Ongleck d’Famill trëfft, da gët et kaum nach en Auswee aus dem Misär.

Déi jonk Elisabeth Dufaing d’Aigremont huet méi Chance. Si kënnt aus enger adleger Famill, déi zrëckgeet op de Godfried vu Bouillon. Si studéiert a Ste Sophie, ass awer och oft mat hirer Mamm ënnerwee, fir arm a krank Leit ze besichen, natirlech ni mat eidelen Hänn. Si spillt mam Gedanken sech ganz dem Härgott ze schenken a Schwëster ze gin, awer ëmmer erëm gin hir Steng an de Wee geluegt. Mee d’Nout vun den arme Leit léisst si nët méi lass. Eng heemlech Léift huet hirt Häerz beréiert, daat ëmmer méi waarm gët am Kontakt mam kranken a leidende Mënsch. Waarmhäerzeg – baarmhäerzeg – wëll si sin a bleiwen. Huet Christus net gesot: “Wat dir dem gerengsten vun äre Matmënschen gemaach huet, dat huet dir mir gemaacht” (Mt 25,40) Si gëtt initiéiert vun hirem Brudder, deen Dokter ass, an esou bal si fräi vu Verpflichtungen ass, gëtt si sech der “Hëllef doheem” ganz hinn.

Eleng ka si nët ëmmer zur Verfügung stoen. D’Liewen brauch och nach méi en déiwe Sënn: eng Bindung un eng Persoun, un en Ideal. D’Elisabeth ass eng spirituell Fra, eng Fra mat Häerz, awer och mat Verstand. Ennerstëtzt vun hirem “Conseiller spirituel”, dem Chanoine Léonard Suhs, grënnt si mat e puer Frëndinnen eng nei reliéis Kongregatioun. Et war den 15. Juni 1847 am Stadtgronn. D’Leit hu si ganz einfach d’Stadtschwësteren genannt, an de 26. Mee 1856 gouf d’Kongregatioun zivilrechtlech unerkannt. Der klenger, dynamescher an aussergewéinlecher Communautéit fehlt awer e spirituellt Fëllement an eng Plaz an der Kierch. D’Schwësteren schwätzen nët nëmmen vun Aarmut: déi ass ëmmer präsent an hirer Mëtt, si ass eng vun hinnen. Duefir wiele si mat Freed d’Liewensregel vum 3. Uerden vum Hl. Franziskus vun Assisi, an d’Elisabeth gëtt bei der Akleedung d’Schwester Franziska. Den 2. August 1858 erkennt de Monseigneur Nicolas Adames, Provikar vu Lëtzebuerg, déi jonk Kongregatioun kierchlech un; den 13. November 1905 gëtt si dem grousse Franziskaneruerden ugeschloss, an den 23. Juli 1912 erhiéwt de Poopst Pius X. si zur Kongregatioun vu päpstlechem Recht.

D’Zuel vun den Aktivitéiten ass an der Tëschenzäit ëmmer méi grouss gin, an och geographesch huet d’Kongregatioun sech bis an d’nopesch Länner ausgebreed: Belgien, Frankreich, Däitschland, Italien. 1926 invitéieren éisträichesch Franziskaner d’Lëtzebuerger Franziskanerinnen no China. D’Schwësteren grënnen do siwen Filialen a schaffe mat vill Erfolleg, bis d’Kommunisten d’Häiser zoumaachen. Een Deel vun de Missionarinnen ass spéider no Australien an no Taiwan gang.

Zenter den heroeschen Zäiten vum Unfank sin 160 Joer vergangen, an d’Welt ass net stoe bliwen.Nom Stuerm vun den zwee Kricher ass Fridden a Wuelstand bei eis agezunn. D’Uerdensberufer, déi e gewësse Verzicht verlaangen, si rar gin. Mee d’Kongregatioun huet sech drop agestalt. Mat kompetenten an engagéierte Laien gi verschidde Wierker an d’Zukunft geféiert (z.B. Kannerhäiser, Altersheimer); aner sinn an eng Stëftung iwwergang (Klinik Kierchbierg, Hëllef Doheem). Verschidde Schwësteren schaffe weider a pastoralen Déngschter an am Bénévolat.

Awer et maache sech och nei Bedürfnisser an eiser Gesellschaft bemierkbar: onverzichtbar Weiderbildung, relationnell Problemer an der Famill an op der Aarbecht, d’Fro nom Sënn an no der Orientatioun vum Liewen, Honger no Spiritualitéit a Gebied... Fir deem entgéint ze kommen hun d’Schwësteren hiert Mutterhaus um Belair 2005 ëmgebaut, an en Deel dervun als “Maison d’accueil” zur Verfügung gestallt.

Mir wëlle Liewen am Geescht vum Hl. Franziskus vermëttelen: Daat besteet aus Einfachheet, Bridderlech- Schwësterlechkeet, aus dem Dëngscht um Nächsten, aus Fridden a Freed ... Et ass, wéi den Hl. Paulus seet, “verbuerge mat Christus am Härgott” (Col 2,3).

Sr Michèle Weber
Franziskanerin

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement