Massendénger

Mer sin d’Massendénger vum Poarverband Esch/Uelzecht, e grousse Grupp an eng flott Equipe. Eisen Déngscht ueschtert Joër bei de Sonndesmassen an de Gottesdéngschter op de Festdee maache mer gär. Bei der Virbereedung vun de Gottesdéngschter pake mer iwwerall eng Hand un, wou mer gebraucht gin.

Bei der Mass hëllefe mer de Paschtéier beim Altoer, beim Sangen a Bieden, déi méi grouss aus eisem Grupp hëllefen esouguer liesen.

Mer sin houfreg, esou no beim Altoer kënnen ze sin a frëen eis besonnesch op die grouss Fester am Kierchejoër. Well eisen Déngscht esou wichteg ass fir d’chrëschtlech Gemeinschaften a fir de ganze Poarverband versiche mer alles esou gudd ewéi méiglech ze machen.

All zesummen hu mer awer och nach aner flott Aktivitéiten, wéi “Klibberen”, e grousse Massendéngerausflug, a villes méi.

Wien Loscht huet , an eisem Grupp matzemache, ka sech mellen, bei engem vun de Paschtéier.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement