No dem Noperschaftsfest zu Buurschent...

Ech wollt mech eemol melden als klengen feed-back zu eisem Noperschaftsfest zu Buurschent.
Ech hat do mat engem syrischen Mann, deen schons gutt franséisch geschwaad huet, eng Handysnummer ausgetosch ouni awer ze wëssen op ech se je géif brauchen.

Op eisem Bauerenbetrieb ass zäiteweis méi Aarbecht wéi een der gemeet kritt, an wëll ët nit einfach ass Leit stonneweis ze fannen hunn ech mich un deen Mann erënnert a geduecht dee geng vläit Jongen kennen, déi fir eng einfach Aarbecht ze begeeschteren wiren. Natiirlech war ech mer bewosst, dat di Leit um Féischterbierg nit offiziell schaffen därfen hun ech mich bëssen informéiert an hun 2 jonk Männer stonneweis beschäftegt natiirlech fir deen üblechen Tarif an der Landwirtschaft an ouni Gefahr auszesetzen.

Ech muss soën, dat di 2 mir an ménger Famill vun Ufank un ganz sympathisch waren an nierft der Aarbecht déi si ganz korrekt gemeet hun hu mer och iwer hir Geschicht an hir Suergen geschwad. Zemol dat Verlaangeren no der Fra an bei dem engen no den 5 Kanner kënne mir äis nit viirstellen. Ech hunn och gemierkt dat dat näischt däerfen schaffen hinnen schwéier um Mo läit, an d’Entlounung nit sou wichteg war wi einfach mol rëm ëppes Sënnvolles duerfen ze man. Si hunn allen 2 als Usträicher a Syrien geschafft, an ech mengen ech kréich si och do bei engem Usträicher wou ech schons mam Patron geschwad hunn ënner.

Wat ech awer nit verstinn, ass dat di 2 sou laang op hir Pabeieren waarden. Vum 15. September 2015 un sinn si am Land an nach keng Äntwert. Ass dat normal oder gët ët do dann nit eng Méiglechkeet Drock ze maachen? Jiddefalls huet deen Kontakt mir och eng ganz aner Siichtweis op d’Asylanten ginn a sinn dankbar fir den Kontakt deen ech do fond hunn.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement