Intention de prière (LB/FR/PT)

accompagnant l’appel de l’Archevêque pour le projet diocésain « Reech eng Hand »

An alle Poren ass e Pastoralbréif vum Här Äerzbëschof zum diözesane Flüchtlingsprojet « Reech eng Hand » virgelies ginn. Dëse Bréif ass en Appell un all Porgemeinschaften, Communautéiten a Gleeweg, sech un dësem Projet ze bedeelegen. Zum Bréif ass och eng Fürbitt op Lëtzebuergesch, Franséisch a Portugiesesch formuléiert ginn, déi an de Masse vum Weekend (19. an 20. September) konnt gebiet ginn.

Fürbittgebiet

Jesus, mir vertrauen dir déi Mënschen un, déi ënner Liewensgefor op der Flucht sinn, wéinst Krich, Verfolgung a Leed.
Hëllef äis, datt mir an hire Gesiichter, däi Gesiicht erkennen, a si als eis Bridder a Schwësteren entdecken.
Looss eis Kierch, eis Häerzer a Gemeinschaften oppe sinn, an di néideg Gestë vu Solidaritéit erfannen.
Christus héier äis.

Intention de prière

Seigneur, nous te confions les personnes qui, au risque de leur vie, fuient la guerre, la persécution et la misère.
Donne-nous de découvrir Ton visage dans le leur, afin que nous les reconnaissions comme nos frères et sœurs.
Que notre Église, nos cœurs et nos communautés soient accueillants et inventent les actes de solidarité nécessaires.
Seigneur écoute-nous.

Intenção para a oração dos fiéis

Senhor, nós Te confiamos aqueles que, arriscando a sua vida, fogem à guerra, à perseguição e à miséria.
Ensina-nos a descobrir o Teu rosto no rosto de cada um deles a fim de que os reconheçamos como nossos irmãos e irmãs.
Que a nossa Igreja, os nossos corações e as nossas comunidades sejam acolhedoras e criem ações necessárias de solidariedade.
Oremos ao Senhor.

De Pastoralbréif ass och hei um Site publizéiert.

Kontakt : Tel. 621 981 482, Mail : reech-eng-hand cathol.lu

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement