fr de lb en

De Projet an der Iwwersiicht

De Projet „Reech eng Hand“ ass en diözesane Projet, deen um Engagement vun de Poren, Vereenegungen a reliéise Gemeinschafte berout. Organiséiert gëtt de Projet op lokalem Niveau mat den unerkannte Flüchtlingen an deenen, déi Asyl sichen an an de Pore wunnen.

Eisen diözesanen Aarbechtsgrupp koordinéiert de Projet, bitt eng Fortbildung u fir Éierenamtlecher, déi op lokalem Niveau engagéiert sinn a garantéiert den Austausch vun „Best practices“, och unhand vun dëser Websäit.

An e puer Wierder

No der leschter grousser Flüchtlingswell am Kader vum Konflikt an Ex-Jugoslawien an den 1990en Joren, stellt den Exodus vu villen dausend Mënschen aus dem Noen a Mëttleren Osten Richtung Europa äis virun eescht Erausfuerderungen, wat den Accueil an d’Integratioun vu Flüchtlinge betrëfft, besonnesch an den Nopeschlänner vun de Konfliktregiounen an elo och an der Europäescher Unioun.

D’Zuel vun den Ufroe fir Asyl ze kréien hëlt stänneg zou, zënter dem Ufank vum Konflikt besonnesch däitlech. In 2015 hunn 2447 Persounen, déi gréissten Deels aus Syrien an dem Irak kommen, d’Protection internationale zu Lëtzebuerg gefrot (2014: 1091 Ufroen)

Wéinst dëser schmäerzhafter an aktueller Situatioun wëllt d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg sech mam Projet „Reech eng Hand“ mat alle Mënsche solidaresch weisen, déi ënner Liewensgefor hir Heemecht hu musse verloossen.

Geschicht vum Projet

Scho laang setze Privatpersounen, Porverbänn a reliéis Gemeinschafte sech fir den Accueil an d’Begleedung vu Flüchtlingen a Migranten an. Zënter Méint steet d’Situatioun vun de Chrëschten an anere verfollegte reliéise Mannerheeten am Orient, di ëmmer méi dramatesch gëtt, an di doraus entstanen humanitär Katastroph am Fokus.

Den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg huet dëst Thema scho méi oft opgegraff, besonnesch bei der Erëffnung der Muttergottesoktav Enn Abrëll 2015. Gutt ze gesi luch als Zeechen ee Boot virum Altoer – begleet vun dësem Text:

Dëst ass d’Boot vun deene ville verzweiwelte Mënschen, déi an hirer grousser Nout, op der Flucht viru Krich, Hongersnout an Terror, iwwert d’Mëttelmier fueren fir an eng Welt ze kommen, wou si einfach nëmme liewe kënnen. Fir eng Onmass vun hinnen ass et den direkte Wee an den Doud.
Un dës onglécklech Mënschen, hir Familljen an hir Communautéite wëlle mir am Gebiet denken.
Wann doriwwer eraus jidderee vun äis säi Kënnen a Wëllen, seng Relatiounen a Mëttelen asetzt fir u méi enger gerechter, mënschewierdeger Situatioun fir déi Verzweiwelt ze schaffen, da gëtt dëst Boot d’Zeeche vun alle Mënsche vu guddem Wëllen, déi mat Jesus an hirer Mëtt hire Wee maachen a rouegen, wéi a stiermeschen Zäiten.
[Am Sënn vun der Priedegt vum Här Äerzbëschof (25/04/2015)]

Während der Joresbilanspressekonferenz vun der kathoulescher Kierch den 18. Juni 2015 huet de Generalvikar Leo Wagener de Start vum Projet „Reech eng Hand“ fir den Hierscht ugekënnegt.

Als éischt konkret Zeechen huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich den 22. Juni 2015 zwou Persounen aus Eritrea, déi an der Asylprozedur sinn, am Bëschofshaus opgeholl.

De Weekend vum 19. an 20. September ass während de Gottesdéngschter en Appell vum Äerzbëschof un d’Porverbänn an un di reliéis Gemeinschafte virgelies ginn, fir sech um Projet „Reech eng Hand – Mir engagéieren äis mat de Flüchtlingen” ze bedeelegen.

Mat der Pressekonferenz den 30. September gëtt de Projet offiziell gestart.

Di verschidden Dimensioune vu „Reech eng Hand“

  • D’Sensibiliséierung vun de Porverbänn a reliéise Gemeinschafte mat Hëllef vun engem Flyer, vu Plakater, engem Autocollant a vun Informatiounsversammlungen an de Pastoralregiounen am Hierscht 2015.
  • D’Fortbildung fir di engagéiert éierenamtlech Mataarbechter an de Poren a Gemeinschaften…
  • Den Empfank an d’Begleedung vu Flüchtlingen: en Angebot vu Begleet- an Integratiounsaktivitéite fir Flüchtlingen, déi an eiser Noperschafft wunnen.
  • D’Sich no Logementer, fir Wunnraum fir Leit, déi Asyl sichen an unerkannte Flüchtlingen ze fannen andeems mir Haiser, Terrainen an Appartementer an eise Poren zur Verfügung stellen.
  • D’Sich no Aarbecht.
  • Di politesch Dimensioun an d’Interessevertriedung (Plaidoyer), fir di politesch Verantwortlech ze encouragéieren, sech op nationalem an europäeschem Niveau fir eng méi mënschlech a solidaresch Migratiouns- an Asylpolitik anzesetzen.

De Projet „Reech eng Hand“ ass en oppene Projet, dee sech solidaresch weist mat allen andere Flüchtlingsprojeten zu Lëtzebuerg.

Informatiounen a Kontakt

Fir all Informatiounen, benotzt w.e.g d’Kontaktnummer an d’Mailadress vum Projet.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement