lb de fr en

Eng Ausbildung fir Éierenamtlecher

Basiswësse kréien an Erfahrungen austauschen

Am Kader vum Projet “Reech eng Hand – Mir engagéieren äis mat de Flüchtlingen” bitt de Centre Jean XXIII – ErwuesseBildung e Weiderbildungs- a Begéinungsprogramm un. De Programm riicht sech an éischter Linn un déi Leit, déi benevol aktiv sinn an déi sech beim Accueil an der Begleedung vu Flüchtlingen an de Poren engagéiere wëllen.

Zilgrupp

D’Kontaktpersoune fir de Projet “Reech eng Hand” an de Porgemeinschaften, éierenamtlech Responsabel fir Diakonie an de Communautéiten, geweiten Diakonen, Paschtéier, Pastoralassistenten, déi an der Territorialpastoral schaffen, an och interesséiert Éierenamtlecher.

Dës Formatioun/Begéinung gëtt vu Fachleit vu Service de la Pastorale, CEFIS asbl, der Caritas, der CVX… geleet an huet als Objektiv, Basiswëssen op dëse Gebidder ze vermëttelen:

  • déi sozial a politesch Verhältnesser an de Kriseregiounen (Noen a Mëttleren Osten, Ostafrika, Balkan),
  • Froen zum Droit an zu de Konventiounen a Statuter op internationalem an op nationalem (lëtzebuergeschem) Niveau,
  • déi sozio-psychologesch Réalitéiten an der Aarbecht vun Éierenamtleche mat Flüchtlingen (aner Kulturen a Reliounen, traumatesch Erliefnesser vun engem Deel vun de Flüchtlingen, d’Verhältnes tëscht deem, deen hëlleft an deem, deen Hëllef sicht asw.),
  • den Opbau vun engem “Projet d’accueil” an der Porgemeinschaft mat Echange vu “best practices”; Virstellung vun Ariichtungen an Associatiounen, déi an deem Bereich aktiv sinn.

Zur Formatioun gehéieren och Virträg. Dem Echange vun Erfahrungen a Froe vun de Participante gëtt vill Plaz ageraumt.

Praktesch Informatiounen

- 
D’Participatioun um ganzen Zyklus ass recommandéiert.
- D’Gruppen ëmfaassen bis 20 Persounen. Weider Formatiounen/Begéignungen kënnen derbäi kommen.
- D’Course si gratis, Participante bezuele just hir eventuell Mëttegiessen op der Plaz.


Kontakt: 
Paul Estgen, Centre Jean XXIII, Telefon: 43 60 51-314, Mail: paul.estgen cathol.lu

PDF 1.9 MB, 14. Dezember 2015
Informations sur la formation du 23.01.2016
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement