Mouvements
Liens . Links

Contact:

5, avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg
Bâtiment A, Étage 1
tél. : 44743-250; fax : 459205
http://www.aluc.lu/
comite aluc.lu

 

Association Luxembourgeoise des Universitaires Catholiques (ALUC)

Eis Objektiven

D’ALUC ass un éischter Stell eng lëtzebuerger Studentenorganisatioun. Si setzt séch an fir d’Interesse vun de Studenten, am Dialog mat den zoustännigen Autoritéiten an aneren Studentenorganisatiounen. Je no Besoin’en organiséiert sie eenzel Servicer fir d’Studenten. Sie bidd duerch hir Konferenzen a Publikatiounen eng Plattform fir séch intellektuell, reliéis, politisch a kulturell ze artikuléieren, an esou an der Gesellschaft präsent ze gin. Zënter hirer Grëndung am Joer 1910 hält sie drop, d’ Memberen an hirer Sich no Werter ze ënnerstëtzen, bei der si séch um chrëschtléche Mënschebild orientéiert. Well dëst Mënschebild den Eenzelnen als Persoun an all séngen Dimensiounen unerkennt, gin an der ALUC och all Sensibilitéiten an Talenter eescht geholl a respektéiert. Et versteet séch vum selwen, datt d’Frëndschaft tëschent de Memberen eng éischt Bedingung fir de Funktionement vum Veräin bleiwt.
Well d’Studenten no enger gewësser Zäit an d’Beruffsliewen antrieden, huet d’ALUC eng zweet Sektioun, déi vun den Ancien’en oder och nach Gradueen genannt. An dëser Sektioun begéinen séch Leit aus allen Altersschichten, net nëmmen fir al Frëndschaften weider ze féieren, mais och fir eegen Aktivitéiten am Sënn vun der ALUC ze organiséieren, an d’ Studenten esou wäit wéi méigléch an esou wäit wéi gewënscht ze ënnerstëtzen.
D’ALUC ass politisch onofhängég. Si ass affiliéiert un d’Weltorganisatioun Pax Romana (Mouvement International des Intellectuels Catholiques).

 
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu