Mouvements
Liens . Links
 

Foi et Lumière

D’Communautéit vu “Foi & Lumière” ass eng Gemeinschaft an där Persounen mat enger geeschteger Behënnerung am Mëttelpunkt stinn. Hinnen zur Säit stinn hir Elteren a Frënn.
Och Jugendlecher zielen zu dëse Frënn. D’Communautéit trëfft sech gewéinlech eemol am Mount zu engem Nomëtteg. Frëndschaft, Deelen, Besënnung, Gebiet, Fest — dat alles gehéiert zu esou engem Treff.

E puer Communautéiten organiséieren zesummen eng Pilgerfaart, en Ausfluch, e Weekend, eng Vakanzewoch, eng Chrëschtfeier, e Fest vum Liicht. An der Welt ginn et z.Z. 1500 Communautéiten. An eisem Land bestinn 5 Communautéiten.

Wat fir e Message bréngt Foi & Lumière?
Et bedeit fir jiddereen Hoffnung a Beräicherung:
- Déi behënnert Persoun fillt sech wuel a mëscht d’Erfahrung, datt si hir Plaz huet an de mënschlechen a chrëschtleche Gemeinschaften, datt si de Leit e wichtege Message ze iwwermëttelen huet. D’Eltere fannen gudd Frënn, déi mat hinnen hiert Kand besser kenneléieren. Si entdecken, datt et Ëmstand ass, Fortschrëtter ze maachen an datt et Eenegkeet ka schafen.
- D’Frënn hunn d’Méiglechkeet, déi geeschteg behënnert Persoun kennen ze léieren, sech vis à vis vun hir ze engagéieren, op si ze lauschteren, sech vun hir nei Weeër féieren ze loossen.
- D’Eltere kréien d’Geleeënheet mateneen aus ze tauschen, Frëndschaft ze erliewen, gewuer ze ginn datt si net eleng gelooss ginn, e puer gemittlech Stonnen mat hirem Kand a mat Frënn ze verbréngen.

Wou gëtt et Foi & Lumière-Gemeinschaften?
Zu Lamadelaine, Steesel, Miersch, Ettelbréck an Hengescht.

Kontakt:

Coordinateurs nationaux
Sam et Bert Colyn-Sertyn
18, rue de Hollenfels
L-7481 Tuntange

“Fir eneen” (Minett)
Mme Evelyne Gros-André
24, rue du Clopp
L-4810, Rodange
Tel: 621 164 986

“Aurôre” (Steesel)
Mme Mady Kellen
17, rue Sigismund
L-2537 Luxembourg 

“Espérance” (Miersch)
M. et Mme Jean-Paul a Josée Hoffmann-Welsch
10, rue de Luxembourg
L-7480 Tuntange
Tel: 23 63 05 27

“Reebou” (Ettelbréck)
M. et Mme Franz a Marie-Claire Rasqué
6, Hatzebierg
L-8528 Colpach-haut
Tel: 23 62 07 20

“Sonneblumm” (Hengescht)
Mme Amélie Meyers-Kohnen
23, rue du Village
L-9748 Eselborn
Tel: 92 07 03

 
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu