Paroisses
Liens . Links
 

Miersch

Häerzlech wëllkomm op eiser Internetsäit vum Parverband Miersch mat de Paren Aangelsbierg/Meesebuerg, Blaaschent, Fëschbech, Lëntgen, Luerenzweiler, Miesdref a Miersch !

Bienvenue sur notre site internet du communauté pastorale de Mersch avec les paroisses Angelsberg/Meysembourg, Blaschette, Fischbach, Lintgen, Lorentzweiler, Mœsdorf et Mersch !

Ënnerwee duerch d’Wüst

Wann ee „Wüste“ emol géif verlëtzebuergeschen, kéim „Wéischt“ dobäi eraus. Vläicht en Zoufall, mee et passt nawell gutt. Eng Wüst ass eng wéischt Plaz.
Et ass eng wonnerschéi Landschaft, déi liewesgeféierlech gëtt, wann ee sech onvirbereet do eran traut. Ouni e Guide fënnt ee weeder de richtege Wee nach Waasser. Wien an der Wüst de staarke Mann wëllt spillen, kënnt séier u seng Grenzen : am Sand kënnt ee bal net vun der Plaz, d’Fielse si gliddeg vun der Sonn, an den Duuscht kann ee geckeg maachen.
Mee net nëmmen de Kierper kann an der Hëtzt vu Fata Morganae geplot ginn.
Am grelle Liicht vun der Wüst ass d’Séil der Däischtert ausgesat, et gëtt näischt, wou si sech verstoppe kéint. D’Stëllt vun der Wüst ka wéidoen, well e mat sech selwer konfrontéiert gëtt, sou wéi een ass, ouni sech eppes schéischwätzen ze kënnen. Och dovunner kann ee geckeg ginn. An dann huet dat Béist e liicht Spill mat engem. Et ass net fir näischt, dass déi fréi Kléischter an der Wüst entstane sinn, wou d’Patere sech hefteg Kämpf mat den Dämonen an der Séil geliwwert hunn.

© Communication et Presse

An der Wüst léiert een, doutéierlech mat sech selwer ze sinn. Et léiert een, gutt ze lauschteren, op all klengt Geräisch, dat engem Waasser, Wand oder eng Schauteng (Ënnerdach, Schutz) undeite kann. Et léiert een, bescheiden ze sinn a sengem Guide ze vertrauen. Et léiert een, dass een net selwer d’Mooss ass vun allem. Et léiert een ënnerscheeden tëschent Schäin a Wierklechkeet.

Fir d’Wüst ze erliewen, brauch een net bis an den Orient oder an d’Sahara ze fueren. Et geet duer, wann ee sech op déi eege Séil aléisst, op en opmierksaamt Liewen, e geeschtlecht Liewen. Och do kann ee bal geckeg ginn an der Stëllt a wann ee mat alle Mëttele versicht, de staarke Mann ze spillen. Och do muss ee léieren, sengem Guide ze vertrauen, ze lauschteren, an ëmmer weiderzegoen. Wien esou ënnerwee ass, dee fënnt Oasen, dee fënnt esouguer an der Wüst e Gaart mat Waasser vum Liewen.

Florence Berg

 
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu