Paroisses
 

Advents- a Chrëschtzäit am Parverband Fiels

Vum 1. Advent u fanne mir an eis Kierchen een Adventskranz, domat fängt dat neit Kierchejoer un. Mir fänke mat der éischter Käerz eng ganz besonnesch, eng besënnlech, eng geheimnisvoll Zäit un. Mir waarden op d’Gebuert vum Jesus. Déi gréng Äscht um Adventskranz wëllen eis soen : geschwë fänkt neit Liewen un, geschwënn ass Chrëschtdag. Mat deenen ugefaangene Käerze kënnt dann och ëmmer méi Liicht an dës Zäit. Duerfir wëlle mir dann och dës Advents- a Chrëschtzäit ënnert Thema « Jesus, Liicht op eisem Wee » setzen.

An dëser ganz besonnescher Zäit wëlle mir dann och un anerer denken, deenen et net esou gutt geet. Mir wëlle duerfir eng lëtzebuergesch Associatioun ënnerstëtzen, déi sech asetzt fir eng konduktiv Erzéieung vu behënnerte Kanner an zwar ass daat d’Associatioun an d’privat Schoul : Schrëtt fir Schrëtt asbl. Dës Schoul gëtt zum Deel vum Staat ënnerstëtzt an trotzdem mussen d’Eltere vun de Kanner nach hëllefe matfinanzéieren, ënner anerem d’Paie vum Léierpersonal.

An eise Kiercher fannt dir bei der Entrée Sonnen/Stäeren, déi d’Liicht symboliséieren, dës kënnt dir dann un de Beemchen hänken. Hei steet dann och eng Këscht, wou dir ären Don kënnt dra maachen.
Dir kënnt si awer och direkt ënnerstëtze mam eng Don op de Kont :

CCPL IBAN : LU 19 1111 1274 3776 0000 - Schrëtt fir Schrëtt

mam Vermierk : Don Adventsaktioun Parverband Fiels.

Weider Informatiounen iwwert si fannt dir och nach op hirer Internetsäit :
- >http://www.schrett-fir-schrett.lu

D’Kanner soen iech elo schonn e grousse Merci fir är Ënnerstëtzung.

 
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu