Paroisses
 

Newsletter zur « Neier Par »

Léif Leit alleguer,

d’Bistumsleedung huet 2015 beschloss d’Äerzdiözes an „nei Paren” anzedeelen, fir op pastoralem an personalem Plang den Ufuerderunge vun der Zäit gerecht ze ginn.

Et ass dunn op iewëschtem Niveau decidéiert ginn, dës „nei Par“ hei an de Grenze vum aktuelle Parverband Fiels ze maachen. Well mir an deenen 9 Paren, 5 Gemenge mat 18 Kierchen a Kapellen awer schonn zanter bal 25 Jar „mateneen um Wee sinn“ a scho munches funktionéiert, wäert et op Anhieb lo an isem Eck mol keng fundamental Ännerunge ginn.

Dëst wëll awer net heeschen, datt mir stoe bleiwe sollen. Am Géigendeel, mir sollen als Gemeinschaft erëm méi beienee réckelen an zesumme wuessen, wéi an de letzte Jaren.

Fir dës Zukunft virzebereeden, ass e synodale Prozess vum Bistum an d’Weeër geleet ginn, wou déi eenzel Gemeinschaften dräi Aufgabe kruten :

1) en Zukunftsbréif schreiwen ;
2) en Numm fir déi „nei Par“ sichen ;
3) en „neien Parrot“ konstituéieren.


Fir dëst alles „sur place“ ze maachen, sinn all d’Leit aus dem Parverband, déi bereet dozou sinn, opgeruff ginn, do matzeschaffen (Parblat Nr. 03/2016) an e Begleetgrupp, huet d’Organisatioun an d’Leedung iwwerholl.

An 3 offizielle Versammlungen (25. Abrëll, 9. Mee an de 27. Juni) mat allen Interesséierte konnten zesummen mam Här Gérard Kieffer vum „Service de la Pastorale“ zwou vun deenen dräi gestallten Aufgaben preparéiert an erfëllt ginn.

De Begleetgrupp wënscht Iech all nach eng schéin Rëscht-Vakanz an zielt op Är Mathëllef an Ënnerstëtzung.

Mat allerbeste Gréiss
de Begleetgrupp

Sr. Fernande Kalmes, Abbé Robert Kuzwela, Marc Linden,Retour ligne automatique
Josiane Poos, Nicole Spielmann, Edith Weber-Sinner

Newsletter zur « Neier Par »
hei kënnt dir iech de ganzen Text ukucken an/oder eroflueden
 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu