Paroisses
Liens . Links
Agenda
 

Par Miersch Saint-François

Mir wënschen Iech eng ganz schéi Vakanz - an Gottes gudde Segen fir all déi, déi ënnerwee sinn, dat och si gesund an erhuelt rëm kommen !
RELIOUNSUNTERRECHT AN EISER PAR
am Hierscht 2017
klickt hei fir méi Informatiounen

„Das Gottes Gerücht wach halten“

Esou huet den éisträischeschen Theolog Paul Zulehner an engem Buch am Jahr 1986 geschriwwen.
Ech hunn dëser Deeg dacks un dee Satz geduecht, wéi mer äis Gedanke gemaach hu fir en ausserschoulesche Reliounsunterricht elo am Hierscht z’organiséieren.
Ech hunn och u verschidde politesch Rieden aus den 80ziger Jahren a Frankräich geduecht, ob Relioun an der ëffentlecher Schoul soll eng Plaz hunn oder net, mee och un d’Fro déi gestallt gouf, op mir eis eege Kultur iwwerhaapt verstinn, ouni Kenntnesser vun der Relioun, besonnesch vum Chrëschtentum ze hunn.
Ech denken, dass déi Fro och neess eemol zu Lëtzebuerg wäert gestallt ginn. Jiddefalls sinn ech fest dervun iwwerzeecht dass, mat der Reeglung vun elo, net dat lescht Wuert geschwat ginn ass. Mee dat ass elo mol Zukunftsmusek ...

Am Moment ass dat anert Thema wichteg : dass déi Generatioun, déi elo eropwiisst, eppes vun dem chrëschtleche Glawe ka gewuer ginn, das d’Kanner an dem Alter vun der Primärschoul eppes vum Härgott héieren - eben nom Motto : „Das Gottes Gerücht wach halten“ !

Mir deelen e Flyer an all Haushalt vun eiser Par aus, well mer am ganzen Land dat net méi daarfen iwwert de nach bestehende Reliounsunterricht maachen. Do froe mer d’Elteren, hiert Kand bis zur Grousser Vakanz mol provisoresch unzemellen fir de Reliounsunterricht an der Par. Mir maachen dann zum Schoulufank verschidde Versammlungen an deene mir mat den Elteren den Detail beschwätzen.
Ënnert dem Strich wäerten d’Kanner tëscht 6 bis 8 mol iwwert d’ganzt Jahr je fir eng Stonn Reliounsunterricht zesummekommen - a mir probéieren och 6 bis 8 Gottesdéngschter oder Familjemassen duerch d’Jahr erduerch ze halen.
„Was ist das für so viele ?“, kann ee sech denken, mee am Moment ass net méi méiglech, wann ee bedenkt, dass mer dëst Angebot op zwou oder dräi Plaze probéieren ze realiséieren - a je no der Zuel vun de Kanner, déi gemellt wäerte ginn -mer dann esou ëm di 10 „Klasse“ wäerten hunn ...
Domatter wäert de Reliounsunterricht an der Par d’nächst Jahr wahrscheinlech eng vun de gréissten Aufgabe sinn, an ech froen Iech alleguer deem Ganze „wohlwollend“ ze begéinen, fir dass äis alleguer dat Ziel geléngt : „Das Gottes Gerücht wach halten !“

De Félix Steichen, Dechen

 
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu