Services
 

En Temoignage vum Jean Langehegermann

Zeie sinn, sech fir di Aarm asetzen, Kraaft an Hëllef aus dem Evangelium – dem Jesus nogoen

Wat ass a wat mécht en Diakon?

Gäre ginn ech Iech eng Äntwert mat Hëllef vun der Apostelgeschicht (Apg 6,1-15.7,1-60).

Et geet rieds vun engem vun de siwe Männer aus der éischter Kierch, déi zur Diakonie bestëmmt gi waren. D’Apostelgeschicht erzielt äis, datt hien ee war, deen, duerchdronge vu Gottesgeescht, sech fir de Glawen un Jesus Christus agesat huet.

Déi éischt Diakone waren dozou geruff, d’Gowen un di Aarm ze verdeelen. Duerch hir Suerg ëm di Aarm ware si ënnert de Gleewege present an hunn duerch hiert Liewen e méigleche Wee an der Nofolleg vu Christus virgelieft. De Stephanus kënnt duerch säi Wierken a Konflikt mat de griichesche Judden. Hie gëtt virun den „Hohen Rat“ geschleeft an zum Doud duerch Stengegung veruerteelt. Domat gëtt hien zum éischte chrëschtleche Märtyrer, zum Zeie fir Jesus Christus.

An dëser kuerzer Liewensbeschreiwung ginn dräi Punkten däitlech, op déi et och haut nach an alle kierchlechen Déngschter ukënnt. Duerch säi Liewe soll jiddereen, deen en Amt huet, Zeie si fir de Jesus an den operstanene Christus. Se sollen en An hunn op all Mënsch deen an Nout ass, a se sollen duerch d’Wuert vum Härgott alle Mënschen déi froumaachend an erléisend Botschaft zouruffen.

Et sinn héich Uspréch un d’Liewen, an ech gestinn an, datt dat an der Realitéit net ëmmer ze erreechen ass. Ech denken awer, duerch en Hellegen ewéi de Stephanus gëtt eis Chrëschten en Zil virginn, op dat mir am Liewen histeiere sollen. Dobäi ass et hëllefräich, säi Schaffen um Moossstaf vun esou engem Hellegen ze moossen, eleng schonn dowéinst, datt een d’Zil net aus den An verléiert.

Zeie sinn

Zréck zum éischte Punkt: Zeie sinn! Firwat setzen ech mech am Alldag an? Fir wee stinn ech an? Kann ee sech op mäi Wuert verloossen? Am Glawen heescht dat: sech mam Wuert vum Herrgott, mat senge Wierder, sengem Handelen a mat senger Kierch auserneen ze setzen. Dozou gehéiert an der Hl. Schrëft liesen, dozou gehéiert d’Gespréich iwwert de Glawen, dozou gehéiert d’Gebiet, eng stëll an dauernd Ausernanersetzung mam Härgott. Aus Erfahrung weess ech, Zeie fir eise Glawen ze sinn gëtt ëmmer méi schwéier.

D’Apostelgeschicht erzielt äis, datt en etlech an der Synagog sech d’Oueren zougehal hunn, Kaméidi gemaach hunn, fir näischt vum Härgott sengem Wuert ze héieren. Gëtt haut net och d’Empfindlechkeet vun eisen Oueren duerch vill Geschwätz ageschränkt. – De Glawe gëtt zu enger Laascht, well en eis Bequemlechkeet, eise Räichtum, eis Moral, eben eist alldeeglecht Liewen a Fro stellt an eist Handele mat engem anere Meter moosst, wéi mam irdesche Meter.

Sech fir di Aarm asetzen

Zeie sinn heescht dem Jesus nogoen. Hien huet sech a senger Mënschwerdung zum Äermste gemaach, an eng Krëpp leeë gelooss. Och de Stephanus huet sech fir di Aarm agesat. Dat ass deen zweete Punkt. Gäre gi mir äis mat Räichen a Mächtegen of, Psychologe soen, dat ass dowéinst, well dann eppes vum Glanz vun deene Gruppen op äis fält. Vun der Aarmut an all hire Forme geet kee Glanz aus. De konkreten Ëmgank mat Aarmut ass éischter schwiereg. Heiansdo gëtt een dobäi bis an d’Déifst getraff, heiansdo och ausgenotzt. Diakonie am deegleche Liewe ka ganz komplizéiert sinn, well oft vill Problemer zesumme kommen, an heiansdo mengt een, selwer kee Wee aus dem Misär ze fannen, et iwwerkënnt engem seng eegen Hëllefslosegkeet mat der Fro: Huet meng Hëllef iwwerhaapt e Sënn. Dat ass esou, wann et am Gespréich ëm Bezéiunge geet, oder ëm Kanner, oder ëm krank an al Matmënschen.

Genau esou ass et och, wann ee sech fir méi Gerechtegkeet op der Aarbecht oder an der Welt asetzt. Dat kascht vill Stonne vun Iwwerleeungen a Beméiungen a scheinbar geschitt näischt. Kee Wonner, datt ee riskéiert de Courage ze verléieren a sech léiwer ëm Saache këmmert, bei deenen Erfolleg garantéiert ass.

Mir Diakonen diskutéieren an eiser Communautéit a mat eise responsabele Geeschtlechen iwwert déi Froen. Wat fir e Wee solle mir goen. De Jesus weist äis de Wee, heiansdo onbequem, awer säi Wee hëlleft dem Nächsten, fir dee mir astinn, an äis selwer.

Kraaft an Hëllef aus dem Evangelium

Domat si mir beim drëtte Gedanken. Duerch d’Evangelium vun eisem Här a Meeschter kréie mir Kraaft an Hëllef. Och dat hunn ech erlieft mat Mënschen, bei déi ech mat der Frouer Botschaft a mam Brout vum Liewe gaange sinn: zesummen hu mir erlieft, wéi Hoffnung, Trouscht a Sécherheet an de schlëmmste Situatiounen, am Stierwen entstane sinn.

Op anere Plazen op der Welt entstinn aus dem Glawe Beweegungen, déi politesch a gesellschaftlech täteg ginn, mir staunen dann iwwert di lieweg Kierchen. Leider gëtt an eisem alen Europa Glawen a Liewe getrennt: Glawe gëtt oft wéi eng Schan duergestallt. Iwwert de Glawe gëtt an der Kierch geschwat.

Auslänner, Aarmut, Mobbing, Scheedungen, Ofdreiwungen, vernoléissegt Kanner, onverantwortleche Räichtum, Krankheet, Gebuert an Doud, e puer vu ville Punkten, mat deene sech d’Helleg Schrëft schonn ëmmer beschäfteg huet, ginn an aller Ëffentlechkeet diskutéiert, allerdéngs esou, wéi wann et d’Evangelium an den Härgott net géif ginn. Mech erënnert de Stephanus drun, dobaussen, um Bols vum Liewen, opmierksam ze bleiwen an de Jesus mat ze huelen an d’Welt vun der Iwwerhieflechkeet oder Onwëssenheet, an d’Welt vun der spiritueller Aarmut.

Mir all si geruff

All – wierklech all, si mir an d’Flicht geholl. Diakon ass een net nëmme vun Amts wegen. All Gedeeften, ass genee esou wéi an dat allgemengt Priistertum, och an dat allgemengt Diakonenamt geruff. Dat wat allgemeng fir de Paschtouer oder den Diakon gëllt, gëllt fir all Gedeeften. Iwwregens, och all Priister ass Diakon!

Wat mir awer, deenen de Bëschof d’Hänn opgeluecht huet – datt mir är Dénger, an Zeie vum Evangelium solle sinn, méi wéi je brauchen, ass är Solidaritéit, är Hëllef an de villen Déngschter vun der Kierch – an äert Gebiet. Ëm äert Gebiet fir d’Geeschtlech, géif ech iech bieden.

Jean Langehegermann

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu