Services
 

Seminaristewoch 2014

Op Besuch an der Pastoralregioun Osten

Samschdeg 02.08.14

Samschdes um 10 Auer wor de Rendez-vous am Seminaire um Weimeschhaff. Nodeems mer dem Pater Birsens a mäin Auto voll gelueden haten mat Wallissen a Proviant, si mer Richtung Osten lassgefuer.

Eisen „Navi“ huet äis zilsécher bei den Home St-Jean-Baptiste op Ohn gefouert. Dat wor déi éischt angenehm Iwwerraschung vun der Woch : keng holze Brak, mee e fuschneie Chalet haten d’Wormer Scouten äis do fir eng Woch verlount. Mir denken dofir nach haut dankbar und den Tipp vum Wuermer Paschtouer Alain Steffen zréck.

No engem éischten Attentat op eis Keess am Supermarché, gouf dunn am Chalet gekacht a gebracht. Et sollt ee sech emol wonneren, wat d’Seminariste vun haut, zesumme mam Spiritual, Guddes op den Teller zaubere kënnen.

Nomëttes, ënnert der Leedung vum Jesuitepater a Spiritual Josy Birsens s.j., hu mir äis Zäit geholl fir e längere Partage a Réckbléck op dat vergaangent Studiejoer.

Fir d’Virowendmass vum Sonndeg wore mer am Dekanat Greiwemaacher zu Manternach mam Dechen Claude Bache. Als kleng Iwwerraschung wore mer duerno fir „eng Hameschmier and more“ bei der Koschteschfamill Schumacher-Diederich agelueden, wou mer eisen 1. gemeinsamen Dag an enger geselleger Ronn ausklénge gelooss hunn.

Abbé Patrick Muller, Präses

Sonndes 03.08.14

La prière des Laudes et notre petit-déjeuner « en famille » débutèrent notre journée, puis nous partîmes d’Ahn pour découvrir le doyenné de Remich où son doyen, l’abbé Marcel Pundel, nous a accueilli à l’église paroissiale pour participer à la messe de 10h30.

Une belle liturgie, une célébration où les trois langues officielles et le latin étaient présentes. Avec un souci pastoral, la paroisse met à disposition des fidèles francophones et lusophones des feuilles avec les textes de la Liturgie de la Parole et des prières afin de mieux suivre la célébration eucharistique.

L’abbé Marcel Groff nous invita à prendre l’apéritif au bord de la Moselle à la fête de « l’Amicale Pompjeeën Réimech ».

De retour au presbytère, une belle table et un très bon repas nous ont attendus. L’après-midi, nous nous sommes rendus à Dalheim pour un temps d’Adoration et puis la découverte de la richesse culturelle-religieuse à Waldbredimus, Trintange et la chapelle de St-Étienne à Klause.

Alberto

Méindes 04.08.14

De 4. August ass fir d’Seminaristen an d’Priister e besonneschen Dag, well mer dann dem Hellege Curé d’Ars, Schutzpatroun fir d’Paschtéier aus dem Universum gedenken.

Méindes moies, um 7.45 Auer treffe sech d’Seminariste fir den Dag mat der Laudes unzefänken. Duerno wor Kaffee an eng hallef Stonn Betrachtung an der Kierch mat Impulser vum Pater Birsens SJ.

Dann brieche mer op a Richtung Gréiwemaacher, wou mer vum neie Regionaldechen Claude Bache empfaange ginn. Mir dierfen un enger sougenannter Teamsëtzung deelhuelen, wou mir iwwert d’Fonktiounsweis vun esou engem Team Froe stellen dierfen. Dëst wor interessant, well dësen Team e Wee duerstellt fir an der Zukunft méi efficace ze schaffen an dat Organisatorescht mam Gebiet ze verbannen. No der Sext krute mir d’Mettegiessen zesumme mam Team am Altersheem, wat eng Méiglechkeet wor fir déi verschidde Membere besser kennenzeléieren.

Ier mer op Schengen gefuer sinn, hu mer nach en Ofstiecher beim Roger Geimer gemaach, deen äis seng Kierch gewisen huet.

Zu Schengen krute mer d’Place de l’Europe an de Musée iwwert Europa erkläert. No der Visite vun der Kierch zu Schengen fuere mer weider bei de jonke Paschtouer Daniel Graul op Remerschen. No der festlecher Mass zur Éier vum Curé d’Ars goung den Dag am Här Paschtouer Graul sengem Haus mat engem gudden Iessen zu Enn. De Jempi Schuller, deen zu Schengen dobäi koum, huet sech äis virgestallt an iwwert seng Vocatioun erzielt. No der Komplet fuere mer erëm an de Chalet.

Daniel

Dënschdes 05.08.14

Dënschdes moies goufen et Fréibiren. Datt eis Visite an der Pastoralregioun Osten keng Vakanz war, beweist de Fait, datt mer schonn um 7 Auer Laudes haten.

Duerno goung et op Iechternach. Eng Seminaristewoch am Osten ouni Iechternach geet natierlech net. Nodeems mer mam Pater eng Extraronn duerch Iechternach gedréint haten, huet den Här Emile Seiler am Haff vun der Abtei op äis gewaart. Hien als iechternacher Jong a fréiere Professer am iechternacher Lycée war de perfekte Guide fir Iechternach kennen ze léieren. Mir hunn an der aler Parkierch Peter-a-Paul ugefaang, ier mer dunn an d‘Basilika gaang sinn. Do krute mer mat Hëllef vun de Fënsteren d’Liewe vum Willibrord erkläert. No der Mass an der Krypta krute mer d’Geschicht vun der Sprangprëssioun erkläert. Dunn huet den Här Seiler äis gewisen, datt een och zu Iechternach gutt ësst. Mëttes si mer dunn an de Musée vun der Abtei gaang, wou mer vum Här Seiler d’Trésoren vun der iechternacher Schreifkultur gewise kruten.

Duerno si mer op d’Liboriuskapell eropgaang (jo, kaum ze gleewen, ouni Auto : dat war eise sportlechen Deel vum Dag). Erstaunlecherweis ass dat an Däitschland, wat net all Seminarist direkt bewosst war. Mee wéi sot de Wiert : „Dir schwätzt jo eis Sprooch.“ Do ware mer dann net zevill dépayséiert. D’Vue vun uewen op Iechternach erof ass natierlech flott. Owes hu mer dem Jack nach moie gesot. No e puer Partien Olá Jack war Zäit fir d’Komplet.

Yves

Mëttwochs 06.08.14

Nodeems mer scho samschdes an der Virowendmass zu Manternach a méindes an der bimensueller Teamsëtzung dem Dechen vu Maacher, dem Abbé Claude Bache, iwwert d’Schëller kucke konnten, si mer dann um Fest vun der Verklärung Christi um Bierg Tabor nach eng Kéier bei him zu Gaascht gewiescht.

Als Seminariste si mir jo dee gréissten Deel vun eisem Studium am Seminaire mat méi oder manner gläichaltrege Matbridder zesummen, dofir war et eng Chance fir op deem Mëttwoch vun der Geleeënheet ze profitéiren a mam Här Bache zu Maacher am CIPA d’Mass mat de Pensionnairen ze feieren. Virdru krute mer dunn awer nach eng Visite duerch d’Haus ugebueden, bei deeër mer déi verschidde Stäck vum Haus mat hiren ënnerschiddlechen Ariichtungen, je no Besoin vun den Awunner, gewise kruten an dunn och nach d’Geleeënheet hate fir mat enger Damm vum Personal ze schwätzen, déi äis e klengen Abléck an d’Zesummenaarbecht vu Par an Hausleedung konnt ginn.

A senger Priedegt ass den Dechen dunn op d’Erliefnes vun der Taborstonn agaangen, ee Moment wou ee soe wéilt : „Verweile doch, du bist so schön” (Goethe, Faust), mee deen dann awer vill ze séier eriwwer ass. Jo et war e flotte Moment, souwuel fir d’Awunner vum Haus an och fir äis. D’Leit ware frou ze gesinn, dass d’Kierch hei am Land nach eng Zukunft huet, an hunn äis och am géigesäitege Gespréich hiert Gebiet versprach.

Duerch d‘Mëttegiesse gestäerkt si mer mam Dechen an de Foyer Pietert gaangen, e Foyer fir schwéier handicapéiert Kanner an Erwuessener, an deem si Dag an Nuecht déi Hëllef kréien, déi se brauchen an déi hir Famill hinnen net (méi) ka ginn.

Den Ofschloss vun eiser Visite beim Dechen war dann, wéi kinnt et op der Musel och anescht sinn, eng Visite mat Wäiprouf bei den Domaines Vinsmoselle, der Coopérative vun enger Rei fréierer Kellereie vun eiser schéiner Musel. An de Kelleren, an deenen ee sech ouni Guide hoffnungslos verlafe géif, hu mer déi eidel Fässer bewonnert, an deenen an e puer Wochen honnerte Fudder Drauwejus drop waarden zu engem gudde Cru ze ginn.

E grousse Merci wëlle mer op dëser Plaz dem Här Dechen soen, dee sech de ganzen Dag gutt ëm äis gekëmmert an och dofir gesuergt huet, dass mer säin Dekanat net ouni eng schéi Miseler Blimmche giffe verloossen.

Jacques

Donneschdeg 07.08.14

Eisen zweetleschten Dag dee mir zesumme verbruecht hunn, ass intensiv genotzt ginn fir äis geschichtlech weiderzebilden. Dofir hu mir als éischt e Spronk iwwert d’Musel gemaach fir äis bei eisen däitschen Noperen op d’Spuere vun de Réimer ze maachen.

Ugefange mam Buedemmosaïk zu Nenneg, wat mat sengen 160 m2 dee gréissten nërdlech vun den Alpen ass. Dono ass et weider gaange bei d’„Villa Borg“, wou och schonns méi wéi honnert Joer hir ugefaange ginn ass auszegruewen. Duerch déi 2 Weltkricher ass dëst awer stoe bliwwen. Eréischt 1987 huet d’Regierung aus dem Saarland entscheet, net nëmme mat den Ausgruewungen intensiv nei unzefänken, mee souguer d’Villa erëm opliewen ze loossen. Dës ass nogebaut ginn an ass haut een interessante Site mat Musée an Ausstellungsraim.

Gestäerkt no enger selwer gemaachtener Spaghetti hunn mir äis dunn op d’Spuere vun der Elektrifizéierung gemaach. Dës Sich huet äis op Rouspert an d’Schlass vum Henri Tudor gefouert. An dësem ass haut d’Gemeng, souwéi e ganz modernen interaktive Musée ënnerbruecht. Den Henri Tudor huet den Akkumulator (Batterie) entworf, deen dozou gedéngt huet, Stroum ze späichere fir e gläichbleiwend ofzeginn.

No eisem Ausfluch an d’Vergaangenheet, hu mir äis zesumme mam neigeweiten Dominikaner Marc Bellion O.P. zu Fouss iwwert den „Härewee“ erop op d’Giischterklaus gemaach, wou mir mam Här Paschtouer Luc Schreiner de Rousekranz gebiet hunn, d’Mass geféiert a fir Ofschloss Ubiedung mat Komplet haten.

Als hongereg Männer huet den Här Paschtouer äis duerno op e gutt Iessen op Rouspert an d’Paschtoueschhaus invitéiert, wou dunn och eise leschten Owend op en Enn gaangen ass.

Vincent

Freideg 08.08.14

No der leschter Nuecht am Chalet, no de Laudes an dem Kaffi, hu mer geraumt a gebotzt.

Als kréinenden Ofschloss hu mer mam Präses Patrick Muller an der Parkierch vun Ohn um Fest vum Hellegen Dominkus eng Danksagungsmass gefeiert. No enger kuerzer Priedegt konnt jiddereen dee wollt, e puer Gedanken zur vergaangener Woch an eng Fürbitt formuléieren.

Räich u ville gemeinschaftlechen, kulturellen, pastoralen a spirituellen Erfahrunge si mer erëm an d’Stad zréckgefuer an duerno hu sech eis Weeër bis zur Diakonewei vum Alberto a vum Piotr, den 18.10.2014, erëm getrennt.

PM

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu