Services
 

Et muss dach nach méi ginn…

E perséinlechen Temoignage vum Diakon Jean-Pierre Schuller, kuerz viru senger Priisterwei, iwwer säi Liewen a seng Vocatioun

Mäi Wee?

Et ass e laange Wee, et ass och net den typische Wee zum priisterlechen Dingscht, mee et ass mäi Wee, deen den Härgott mat mir ganz perséinlech gaang ass. Mol hunn ech mech vun Him féiere gelooss, mol hunn ech gemengt, ech giff besser eleng eens. E Wee iwwer Héichten an duerch Déiften, mat Abschnitter, déi mech haut nach frou maachen, wann ech un se zréckdenken, an anerer, iwwer déi ech net stolz sinn an déi ech am léifste giff vergiessen. Mee, et ass mäi Wee, deen den Härgott elo an dat Zil féiert, wat Hie vun Ufank un eigentlech ausgewielt hat.

Wann ech als Kand gefrot gouf: „Mäi Jong, wat wëlls du da spéider ginn?“ – meng Äntwert war ëmmer déi selwecht: “Ech gi Paschtouer!“ Dat goung och esou duerch d’Primärschoulszäit, natierlech net ouni di üblech Hänseleien duerch d’Komeroden. An enger Franséischstonn am 4. Schouljoer fält bei de Vokabelen dat Wuert prêtre. „Wat ass dat?" frot de Schoulmeester. Keng Äntwert. Dorop de Schoulmeeschter: „Mee, datt ass dat, wat de Jemp wëllt ginn.“ No der Primärschoul zu Elwen, Opnahmexame fir den Escher Kolléisch. Vun engem Escher Kaploun – hie war och vun Elwen – krut ech de Rot, dach op Clairefontaine ze goen, eng Schoul, déi bei mengem Wonsch Priister ze ginn, secher virzezéie wier. Meng Elteren, virun allem mäi Papp, ware guer net dovun ageholl. Mee, ech hu mech net ginn, bis och mäi Papp schliisslech noginn huet.

Clairefontaine war eng wichteg Etapp a mengem Liewen. Ech wëllt se net mëssen. Hei huet de Wonsch Priister ze ginn sech gefestegt a gekläert. Ech hunn d’Spiritualitéit vum Grënner vun den Herz-Jesu-Priester, dem Père Léon-Jean Dehon, kennen- a schätze geléiert a sinn no menger Première 1965 an déi Kongregatioun agetrueden an hunn déi üblech Studie fir Priisteramtskandidaten ugefaang. Et war eng schéin Zäit zu Lyon, un déi ech ëmmer nach gär zréckdenken. Et waren awer och turbulent Zäiten, fir d’Kierch – nom Ofschloss vum 2. Vatikanische Konzil – a fir d’Gesellschaft – di Joren 68 a 69 a Frankräich. Eng Zäit, wou alles a Fro gestallt gouf a wou et geheescht huet: „il est interdit d’interdire“. All dës Turbulenzen an Ëmbréch hunn och virun de Seminären net Halt gemaach. Alles gouf a Fro gestallt. Vill Seminaristen hunn opginn, Priister hunn hire Beruff un den Nol gehongen, deen een oder anere Seminärsprofesser ass ausgetrueden an huet sech bestuet. Och meng Beruffung war mir op eemol net méi kloer. Ech krut ëmmer méi Zweifel, ob dat wierklech mäi Wee sollt sinn. De Wonsch dann och no enger eegener Famill. Schliisslech hunn ech mengem Provinziol an engem Bréif matgedeelt, datt ech wëllt aus der Kongregatioun austrieden. Dorop krut ech keng Äntwert. Ech hunn da gewaart bis meng zäitlech Gelübden ofgelaf waren a sinn Enn September 1969 dann zréck op Lëtzebuerg gaang.

Do hunn ech mech natierlech gläich op d’Sich no enger Aarbecht gemaach. An deene Joren huet de Bankesektor zu Lëtzebuerg ugefaang ze boomen an et huet net laang gedauert, bis ech eng Plaz an enger Bank ugebuede krut. Meng Carrière bei der Bank huet sech net schlecht entwéckelt. Ech hunn en Haus kaaft, et ëmgebaut an ausgebaut. 1973 ass mäi Papp gestuerwen an op sengem Begriefnis hunn ech d’Marianne erëmgesinn, een Nopeschmeedche vu Käl. Den 1. Mee 1974 huet et da gefunkt tëschent äis zwee a mir hunn decidéiert, eise Wee zesumme weiderzegoen. Den 29. Juni hu mir äis verlobt an den 21. September zu Käl an der Kierch äis d’Wuert ginn, een deen anere gär ze hunn an ee fir deen aneren do ze sinn, eist Liewe laang, a gudden an a béisen Zäiten. An dat hu mir dann och gemaach, mat der Hellef vum Härgott an an der Kraaft vum Sakrament vum Bestiednis. Och wa meng perséinlech Bezéiung zum Härgott a senger Kierch an deene Joren zimlech ofgekillt war. Dat huet lues a lues erëm changéiert mat der Gebuert vun eise Kanner.

1977 si mir dann eng richteg Famill ginn: een éischte Bouw ass gebuer, 1980 dann een zweeten. 1981 hu mir dann en Haus zu Maarnich kaaft, als Weekend-Haus. Et huet äis dann awer esou gutt do gefall, datt mir äis entschloss hunn, ganz zu Maarnich ze bleiwen. Een drëtt Kand hu mir 1990 erwaart, leider ass déi Schwangerschaft net zu engem gudden Enn komm. Awer, mir haten ee vun äis, dee scho beim Härgott ass. D’Marianne ass dësem drëtte vun eise Kanner mëttlerweil begéint. Fir mech steet déi Begéinung nach aus. Ech si gespaant…

Ech hat also e Beruff, an deem ech unerkannt war an och munches erreecht hat, Fondé de pouvoirs an Direkter vun der Haaptagence am Sëtz vun der Bank. Ech hat eng sympathisch Famill, déi mech gär hat an ech si. An dach war ech onzefridden. Sollt dat wierklech elo alles sinn? Et muss dach nach méi ginn…

1986 huet d’Charismatisch Erneierung fir Päischten zu Clierf hiert Fest vun der Freed organiséiert. Ech hat dovun héieren a si samschdes nomëttes aus Curiositéit dohi kucke gaang. Do gouf gesongen a Musik gemaach, Virtreeg gehal a Mënschen hunn Témoignage ginn iwwer dat, wat Jesus Christus an hirem Liewe bewierkt hat. Wat ech héieren hunn, an och déi ganz Atmosphär, huet mech ëmmer méi ergraff. Ënnerlech ganz opgewullt sinn ech heem gaang an hu menger Frau dovun erzielt. Zesumme si mir dann owes zréck gaang fir d’Eucharistie matzefeieren. Eng Eucharistiefeier an eng Priedegt, déi mech sou déif beréiert huet, wéi keng aner virdrun. No der Mass ass d’Liichterprëssessioun mam Allerhellegsten erop an d’Dekanatskierch gaang, wou di ganz Nuecht Anbetung war. Ech wousst, dat ass et, wat s du eigentlech sichs.

Mir sinn dann heem gaang. Awer ech konnt einfach net aschlofen. Ech war ënnerlech opgewullt an hu schliisslech zum Hl. Geescht gebiet: „Komm, Hl. Geescht, erneier mech! Ech ginn dir fräi Hand, mee komm!“ Ëmmer erëm dat selwecht Gebiet. Ëm 4 Auer hunn ech ëmmer nach net geschlof. Do hunn ech mech un d’Anbetung an der Clierfer Kierch erënnert, sinn opgestan an dohi gefuer. D’Kierch war stackdäischter, just e puer Käerze bei der Monstranz, déi vun engem Spot ugestraalt war. Déi eenzeg Anbeter waren e jonkt Meedchen an e jonke Mann. Ech hu mech an eng vun deene leschte Bänke gesat an ugefaang ze bieden. Do stëmmt dat jonkt Meedchen e Lidd un: „Prends ma vie, Seigneur, prends ma vie. Que ma vie soit prière…“ Am selwichten Abléck hunn ech eng Stëmm héieren, wéi wann een nieft mir giff stoen, kloer an däitlech: „An du? Wat méchs du?“ An engem Moment hunn ech do mäi Liewe gesinn, mat alle Schiedsäiten, déi et do gouf an awer och eng Wäermt an eng Léift gespuert, wéi ech se nach ni erlieft hat. Ech wosst, dat ass de Jesus. An ech wosst, elo muss du dech entscheeden. An a mengem Häerz hunn ech du geäntwert: „Jesus, ech wëll! Maach mat mir, wéi s du wëlls!“ Dorophin ass e Fridden an eng Freed iwwer mech komm, déi eigentlech net ze beschreiwe sinn. Et war mir, wéi wann ech an d’Léift vum Härgott agetaucht giff, wéi wann ech an di offen Äerm vun deem Papp géif falen, vun deem Jesus am Lukasevangelium geschwat huet. Ouni dës Erfahrung wier mäi Liewe sécher anescht verlaf an ech sténg haut net do, wou ech stinn.

Vun deem Dag un ass villes changéiert a mir an an eiser Famill. De Jesus, deen ech bis dohi gemengt hat ze kennen aus menge Studien, aus menge Bicher, deem war ech a Wierklechkeet begéint: dem Operstanenen, dee lieft an haut nach wierkt a senger Kierch. Eng perséinlech a lieweg Bezéiung war entstan. Ech hunn d’Bibel nei entdeckt. Hunn ugefaang si ze liesen als dat aktuellt a liewegt Wuert, wat den Härgott haut an zu allen Zäiten un d’Mensche riicht, déi dofir offe sinn. Mir hunn als Koppel ugefaang zesummen ze bieden an hunn an den Treffe vun der Charismatischer Erneierung Kraaft an Ënnerstëtzung op deem neie Wee font.

Mee, wie versicht no de Wäerter vum Evangelium ze liewen, dee stellt geschwë fest, datt déi Wäerter oft an Oppositioun stinn zu deenen, déi an der Welt, an eiser Gesellschaft gängeg sinn. Ech hu gemierkt, datt sou munches, wat an de Banke gemaach an ugebuede gëtt, net su ouni weideres mam Geescht vum Evangelium ze vereinbaren ass. Ech hunn da versicht, dogéint ze reagéieren, wat mat sech bruecht huet, datt meng Cote bei der Direktioun ferm gesonk ass. Déi Situatioun huet ëmmer méi op mir gelaascht, sou datt mir beschloss hunn – meng Fra an ech – ze bieden an den Härgott ze froen, äis en neie Wee opzemaachen.

Mir hunn annerhalleft Joer gebiet an du war et sou wäit: mir woussten näischt dovun, awer d’Dekanat Clierf huet eng Persoun gesicht fir Reliounsunterricht an de Gemenge Clierf a Weiswampich ze halen. Enges owes gouf ech vum Dechen Gevigné ugeruff, dee gefrot huet, ob ech dat net wëllt maachen. Ech hu mat menger Fra geschwat an allen zwee ware mer der Meenung, dat wir eng Äntwert op eist Gebiet. An esou hunn ech zougesot. Ech hat 3 Méint Kënnigungsfrist bei der Bank. D’Äntwert vum Bëschof Hengen koum genau zur Zäit, datt ech meng Kënnigung konnt areechen, fir de 15. September – genau 3 Méint mi spéit – als Katechet a Parassistent an de Gemenge Clierf a Wampich kënnen unzefänken. Wat de Jesus mécht, dat méch Hie gutt. De Changement vun der Bank an de kierchlechen Dingscht hat et finanziell natierlech a sech, mee och do huet den Härgott äis ni am Stach gelooss an et huet ni un eppes Wiesentlechem gefeelt.

E puer Joer mi spéit ass de Ruff zum Diakon ëmmer méi däitlech a mir ginn. Och dee Wonsch hu mir dem Härgott an d’Hänn geluecht an ëm Bestätigung gefrot. Seng Zeechen hunn net laang op sech waarde gelooss. Ech hunn du mat mengem Dechen doriwwer geschwat. Dee war gläich begeeschtert dovun an huet et dem Doumkapitel ënnerbreet. Dorophin huet den Här Bëschof Franck mech als Kandidat fir den Diakonat ugeholl an, no der néidiger Virbereedung, de 27. September 1997 an der Dekanatskierch zu Clierf zum Diakon geweit. Een Dingscht, deen ech vun do u mat vill Freed a Begeeschterung maachen, bis virun engem gudde Joer mat der tatkräftiger Hëllef vu menger Fra Marianne. Ouni hir Hëllef an hiert Engagement hätt ech mäin Dingscht ni an deem Mooss ausübe kënnen. Ech war zwar geweit zum Diakon, mee d’Marianne war, och ouni Wei, op d’mannst grad esou „Diakonin“.

Wéisou elo Priister?

Mir waren 39 Joer bestuet, wéi d’Marianne no engem laange Kräizwee, deen am Mäerz 2007 ugoung, am November 2013 gestuerwen ass. Dat huet wéi gedon an deet ëmmer nach wéi. E puer Wochen éier säin Zoustand sech drastig verschlechtert huet, sot d’Marianne an engem Moment wou mir eleng waren zu mir: „Wann ech eng Kéier net mi do sinn, da kanns du dech jo zum Priister weie loossen.“ Ech konnt a wollt dee Moment net dorop äntwerten, obscho mir soss offen an éierlech iwwer seng Krankheet an hire Verlaf geschwat hunn a keen dem aneren an där Hinsicht Theater virgespillt huet. De Gedanken an de Kandheets- a Jugendwonsch Priister ze ginn ass mir dono natierlech ëmmer erëm duerch de Kapp an d’Häerz gaang. Vun enger ganzer Rei vu Leit, Geeschtlech a Laien, sinn ech och an deem Sënn ugesprach ginn. Mee, eent stung fest fir mech: ech kann a wëll net aus mir eraus d´Priisterwei froen, dozou hunn ech kee Recht. Da muss de Ruff schonn nach eng Kéier vum Härgott selwer kommen. An a sengem Numm konnt nëmmen ee ruffen: de Bëschof! Dat hunn ech dem Härgott och esou gesot a war duerno dann am Fridde mat mir selwer.

Ugangs Februar gouf ech vun der Sekretärin vum Här Bëschof ugeruff, ob ech kënnt laanscht kommen, den Här Bëschof wëllt mat mir schwätzen. Ech sinn dann dohi gaang. Den Här Bëschof huet mech a sengem Büro ëmfaang an ouni laang Aleedung gefrot: „Wier s du d’accord, datt ech dech zum Priister weie giff?“

Mäin éischte Gedanke war: wéisou ech? … Wie sinn ech, datt ech d’Gnod vun der Priisterwei geschenkt soll kréien? … Well keen huet e Recht dorop, kee kann dat fuerderen, kee kann dofir Meritë geltend maachen. D’Priisterwei ass eng Gnod, e Gratisgeschenk, wat den Härgott mécht, wiem Hie wëllt an zu dem Zäitpunkt, wou Hie wëllt.

Ech hunn dem Här Bëschof da mat „Jo“ geäntwert. Jo, zum Härgott sengem Ruff an den Dingscht als säi Priister, wuel am Bewosstsi vu menger Schwaachheet, awer och am Vertrauen op seng Gnod.

Säit dat publik ass, hunn ech vill gutt Reaktiounen dorop kritt. Al Frënn vu fréier, Geeschtlech a Leit aus dem Porverband, déi mir gesot hunn, datt si schonn ëmmer där Meenung waren, ech hätt d’Beruffung zum Priister oder datt si gehofft hätten, ech giff zum Priister geweit, an déi hir Freed doriwwer ausgedréckt hunn. Eng Uerdensschwëster hat no menger Diakonewei zu mir gesot: „Du gëss och nach zum Priister geweit!“ Deemools duecht ech: „Meng léif Schwëster, a wéi soll dat da goen?“ Mee, dem Härgott seng Weeër sinn net eis Weeër. Hie kann och op eise krommen Zeilen nach riicht schreiwen an d’Enn zu engem neien Ufank maachen. Vun do unn, wou d’Entscheedung gefall ass, spieren ech eng grouss Freed a gläichzäiteg en déiwe Fridden a mir, och wann ech, wat den Dag mi nobäi kënnt, mech ëmmer méi kleng an aremséileg fillen, virun där Gnod, déi mir geschenkt soll ginn. Mee, ech vertrauen drop, datt mäi Gebiet erhéiert gëtt, wat ech säit der Entrevue mam Här Bëschof Dag fir Dag u mäin Hellegt Dräigespann riichten, nämlech d’Muttergottes, den Hl. Jousef an di Kleng Thérèse: „Biet fir mech, datt ech e gudde Priister ginn, e Priister nom Häerz vu Jesus!“

Wat ech beweege wëll an der Kierch?

Ech weess net! Wann ech, wa jiddfereen eppes wëllt „bougéieren“, féiert dat wierklech zu méi Kierch, wéi Jesus Christus si eigentlech wëllt? Wourop et jo awer ukënnt, nee? Ech denken, wa mir all, vum Ieweschte bis zum Ënneschten, äis giffe „bougéieren“ loosse vum Hl. Geescht, da giff ganz villes „bougéieren“ an der Kierch, an zwar an di richteg Richtung.

Meng Dreem?

Ech dreeme vun enger Kierch, déi sech net ofkapselt an ëm sech selwer dréit, mee, déi offen ass an „accueillante“, déi nom Beispill vun hirem Här a Meeschter jiddfereen ophëlt a keen zréckweist. Eng Kierch, déi sech net an d’Sakristeien zréckzéit, mee déi eraus geet, do wou d’Mënsche sinn, wou se liewen, feieren an traueren. Eng Kierch, déi gär drop verzicht, op mondäne Receptiounen hofféiert ze ginn, dofir awer net fäert, sech d’Schong dreckeg ze maachen, fir deenen d’Hand ze reechen, déi am déiwe Brulli stiechen. Ech dreeme vun enger Kierch, déi d’Baarmhäerzegkeet virun d’Gesetz stellt. Eng Kierch, déi ze lauschtere weess op d’Stëmm vun hirem Här an op d’Stëmm vun deene Gedeeften, hire Memberen, an déi si eescht hëlt, wëssend, datt vox populi oft och vox Dei ka sinn. An ech dreeme vun enger Kierch, déi léiwer arem ass, dofir awer fräi, d’Evangelium vun der Freed, ouni Contrainte, an aller Kloerheet an iwwerall, kënnen ze verkënnigen, ob geleeën oder ongeleeën. Eng Kierch, déi keng Angscht huet virun den Häre vun dëser Welt, déi kommen a ginn, mee déi eleng op Christus, hiren Här, kuckt an Him voll vertraut.

De 14. Dezember, om Sonndig „Gaudete d.h. Freuet euch“, wäert den Här Äerzbëschof mir an der Dekanatskierch zu Clierf d’Hänn opleeën a mech zum Priister weien. Duerno schéckt hie mech zréck an de Porverband, an deem ech 17 Joer laang als Diakon gedingt hunn. Ech wäert versichen, mat der Hëllef vum Härgott an der Gnod vun der Priisterwei,

  • déi Menschen, déi mir da mat uvertraut sinn, zur Begéinung mat Jesus ze féieren, well ween de liewege Jesus fonnt huet, dee fënnt och de ganzen anere Rescht;
  • d’Evangelium vun der Freed an d’Freed um Evangelium de Mënschen ze vermëttelen;
  • d’Sakramenter ze spenden an, besonnesch bei der Feier vun der Eucharistie, Jesus Christus an der Mëtt vun de Mënsche géigewäertig ze maachen;
  • beim Sakrament vun der Verséinung de Mënschen déi wierklech Heelung unzebidden, déi nëmme Jesus Christus bréngt;
  • opmierksam an offen ze si fir Neies, wat entsteet a wou den Härgott um Wierken ass a Persounen oder an der Gemeinschaft, et net ze ënnerdrécken, mee ze fërderen. Wéi e Coach (dat ass jo haut in) Talenter a Charismen ze entdecken, z’encouragéieren an ze trainéieren, fir datt se abruecht ginn zum Wuel vun där ganzer Gemeinschaft, fir datt déi sech lues a lues selwer an d’Hand hëlt, an engem missionarische Geescht, am Geescht vun deenen éischte chrëschtleche Gemeinschaften an a Coresponsabilitéit mat hire Priister;
  • een Ouer ze schenken, deenen déi an Nout sinn oder e Problem hunn, eng Schëller deenen, déi traureg oder einfach nëmme midd sinn an als een, dee selwer sou oft a sengem Liewen d’Erbaarmen an d’Léift vum Härgott erfuer huet, Zeien a Spender ze sinn, an der Kierch an an der Welt, vu senger erbaarmender Léift, déi keen Enn kennt a keen ausschléisst.

Wéi den Hl. Willibrord ongeféier den Alter hat, deen ech bei menger Wei wäert hunn, huet hien un de Rand vu sengem Kalenner dës 4 Wierder geschriwwen, säi Programm fir di nächste Joren: „In Dei nomine feliciter…“

Jo, su soll et sinn: Mat Freed virun, mat där beschter Botschaft vun der Welt, sou laang den Härgott den Otem dozou schenkt…!

„Nicht Herren eures Glaubens, sondern Diener eurer Freude!“ (2 Kor 1, 24)

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu