Services

Contact:

LuxPélé
4, rue Génistre
B.P. 419
L-2014 Luxembourg
pelerinages cathol.lu
Tél: 462023-42

Horaire :
Lundi
de 9h00 à 17h00
et du Mardi au jeudi
de 9h00 à 12h00

 

Pèlerinages diocésains

Aktuelle Pilgerreisen:

Léif Pilgerinnen a Pilger,

Um Ufank vun dësem Kierchejoër 2015/2016 goufen an eiser Äerzdiözees 3 Diere vun der Barmhäerzegkeet opgemaach : an der Kathedral, an der Basilika zu Iechternach an och an der Trinitarierkierch zu Veianen. Des lëtzebuerger Pilgerplaze sollen am Hellege Joer, dat de Poopst Franziskus ausgeruff huet, zu regelrechte Gnodeplaze vun der Barmhäerzegkeet ginn, wou d’Léift vum Herrgott äis am Sakrament vun der Versöhnung geschenkt gëtt, grad dann, wa mir de Wee net méi kloer gesinn an op d’Verzeie vun engem Aneren ugewise sinn.
D’Joer vun der Barmhäerzegkeet ass eng grouss Chance fir d’Kierch a fir jidderee vun äis. Et ass eng Geleeënheet eis perséinlech Relatioun zum Herrgott a Jesus Christus nei ze fannen, des Relatioun ze festegen an ze verdéiwen. Vergiesse mir dobaï net, datt den Herrgott selwer als Éischten op de Mënsch duerkënnt. Hie kënnt äis entgéint an intresséiert sech fir dat wat an der Déift vun eisem Wiese lieft an och blesséiert ass. Hien hëlt äis esou u wéi mir sinn, mat eisen Talenter a Fehler, mat eise Stäerkten a mat all eiser Sëndhaftegkeet.
Ee gudde Pilger weess awer, datt een net ze vill Bagage dierf matschleefen, fir gutt u sengem Pilgerziel unzekommen. D’Sakrament vun der Versöhnung, dat ech Iech als Bëschof besonnech un d’Häerz leeë wëll, soll eng Hëllef sinn, fir al Laaschte lasszeloossen an nei unzefänken, eng Geleeënheet fir Merci ze soen, d’Verzeie vu Gott ze empfänken a seng Léift konkret un di aner virun ze ginn. An dësem Joer vun der Barmhäerzegkeet sollen duerfir verschidde Pilgerreesen op dësem Wee eng Hëllef sinn. Ech lueden Iech heimat ganz häerzlech an, fir bei engem oder deem anere Moment derbäi ze sinn, wann et heescht op d’Zeie vun der Barmhäerzegkeet ze lauschteren an dem Herrgott seng Spueren an eisem Liewen nei ze entdecken.

Mat mengem spezielle Pilgerseegen

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Chers pèlerins,
Mesdames, Messieurs,

Au début de l’année liturgique 2015/2016, trois portes de la miséricorde ont été ouvertes dans notre Archidiocèse, ce à la Cathédrale de Luxembourg, à la basilique d’Echternach et à l’église des Trinitaires à Vianden. Ces lieux de pèlerinage luxembourgeois sont destinés à devenir de vrais lieux de grâce et de miséricorde dans le cadre de l’Année sainte proclamée par le pape François, des lieux où l’amour du Seigneur nous est donné par le sacrement de la réconciliation – cela tout particulièrement lorsque nous nous sommes perdus en chemin et avons besoin du pardon d’un Autre.

L’Année de la miséricorde représente une chance pour l’Église et pour chacun et chacune d’entre nous. Elle offre l’occasion de renouer notre relation personnelle avec Dieu et son fils Jésus-Christ, de la renforcer et l’approfondir. N’oublions pas, dès lors, que Dieu vient à nous en premier : il vient à notre rencontre et s’intéresse à ce qui habite au plus profond de nous-mêmes, y compris aux blessures que nous portons en nous. Il nous accepte tels que nous sommes, avec nos talents et nos fautes, nos forces et nos faiblesses de pécheurs.

Un bon pèlerin sait que, pour bien arriver à destination, il ne faut pas s’encombrer de trop de bagages. Le sacrement de la réconciliation, qu’en tant qu’Evêque je vous recommande tout particulièrement, sera l’occasion de vous défaire de ce qui pèse, prendre un nouveau départ, remercier Dieu, recevoir Son pardon et transmettre son amour aux autres par des gestes concrets.

En cette année de la miséricorde, différents pèlerinages vous sont proposés pour soutenir cette démarche. Je vous invite cordialement à joindre l’un ou l’autre de ces moments forts, quand il s’agira prêter l’oreille aux témoins de la miséricorde et de (re-) découvrir les traces du Seigneur dans votre vie.

Que Dieu vous bénisse sur vos routes de pèlerins !

+ Jean-Claude Hollerich
Archevêque de Luxembourg

 
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu