Ausfluchsdag

Et ass scho bal eng Traditioun: den Ausfluchsdag vun de Lëtzebuerger Massendénger um leschte Samschdeg am September. Dëst Joer hu mir eis zu Wooltz getraff fir Wooltz op de „Spueren vun der Muttergottes vu Fatima“ kennenzeléieren.
Ugefaangen hu mir eisen Dag an der Dekanatskierch wou mir eis op den Dag mat villen Informatiounen zur Veréierung vun der Muttergottes vu Fatima an zur Geschicht vum Sanctuaire zu Wooltz agestëmmt hunn. Natierlech konnten d’Massendénger d’Dekanatskierch an all Detail bewonneren.
Nodeems mir eis mam Mëttegiessen gestäerkt haten, goung et ze Fouss op de Sanctuaire op Baessent, wou mir ënnerwee dee schéine Kräizwee bewonnere konnten. Op Baessent ukomm, konnten d’Massendénger de Sanctuaire entdecken. No engem Gebietsmoment, wou jiddereen säi Merci an awer och seng Uleies op een Häerz fir d’Muttergottes schreiwe konnt, gounge mir nees ze Fouss bis bei d’Dekanatskierch. D’Häerzer hu mir matgeholl an si hunn elo eng Plaz bei der Statue vun der Muttergottes vu Fatima an der Dekanatskierch zu Nidderwooltz fonnt. Nach eng läscht Stäerkung mat Gedrénks a Kuch an eise flotten Ausfluchsdag goung schonn eriwwer. Rendez-Vous fir den nächsten Ausfluchsdag: 24.09.2022
(Fotoen: Gudenburg Jacqueline, Konsbrück Tanja, Neissen-Schneider Hélène)







 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement