TeamViewer ass e klenge Programm, deen erlaabt d’Kontroll iwwert äre Computer ze huelen.
Natierlech nëmmen, wann dir ons dat erlaabt.
An der Praxis fonctionnéiert et esou:
- Dir hutt e gréissere Problem, wou mer per Email net eens ginn.
- Dir luet dee richtegen Zip-Fichier fir äre Computer erof (Windows oder Mac, op Franséisch oder Englesch).
- Dir ent-zippt de Fichier a start de Programm deen dran ass.
- Wann eng Warnung kënnt, da soot Dir wäert d’accord.
- Iwwert Telefon gitt dir ons d’ID-Nummer an d’Passwuert, wat de Programm Iech uweist.
- Mir verbannen ons domat op äre Computer a kënne gesinn, wat bei Iech um Ecran leeft. Esou versti mir vläicht besser, wou de Problem hier kënnt.
- Duerno einfach de Programm zoumaachen, installéiert gëtt näischt op äerem Computer.
- ID a Kennwort vun dësem Bild ass just e Beispill. Beim Starten vum Programm op ärem Computer kritt dir déi richteg Nummeren.