fr lb

De Projet “Reech eng Hand”

De Projet „Reech eng Hand“ gouf den 30. September 2015 op Initiativ vum Kardinol J.-Claude Hollerich an d’Liewe geruff, nodeem vill Flüchtlingen an d’Land komm sinn.

Grad esou wéi zu Déifferdeng, hunn sech dunn op méi wéi 30 Plazen am Land lokal Gruppen zesumme fonnt fir deem Opruff nozekommen a fir als Chrëschten de Mënschen op der Flucht zur Säit ze stoen.

Den 2. Mee 2018 gouf dann zu Déifferdeng d’A.S.B.L. „Reech-eng-Hand, Déifferdeng“ gegrënnt.

Eist Engagement ass villfälteg a ganz besonnesch läit eis d’Integratioun vun de Leit um Häerz. Dat versiche mir duerch vill verschidden Aktivitéiten ze erreechen:

  1. Deelhuelen a Kenneléieren vu Lëtzebuerger Gebräicher wéi:
    Liichtmëssdag, Buergbrennen, Ouschtereeër fierwen an dem Besuch vum Kleeschen mat senge Kaddoen. Och Péckvillercher hunn d’Kanner an d’Elteren schonn zu Nouspelt gemaach.
  2. Kenneléiere vun der Ëmgéigend vun Déifferdeng a vum Land duerch Ausflich wéi z.B.:
    an de Fond-de-Gras an op Lasauvage, op Beefort a Veianen an an de Schifermusée op Marteleng asw….
    Mat de Kanner an hiren Eltere ware mir och schonn op den Escher Gaalgebierg an an de Beetebuerger Park.
  3. Kontakt mat Awunner vu Lëtzebuerg.
    Mat den „Déifferdenger Pléckerten“ si mir am Hierscht Uebst plécke gaangen, mir hu mat Erwuessener a Jugendlecher aus Déifferdeng d’Niklostute fir d’Gemeng gemaach, hunn um Anti-Gaspi- Fest a bei Esch 2022 deelgeholl.
  4. An eise Sproochecoursen sinn ongeféier 30 Leit ageschriwwen:
    Refugiéeën an aner Leit, déi wëlle Lëtzebuergesch oder Franséisch léieren. Esou si scho flott Kontakter entstanen.
    Mir hëllefen och bei der Sich no Miwwelen, Kichegeschier, Kleeder a Babysaachen a Saachen no deenen d’Leit eis froen. Mir hunn och scho Kanner a Jugendlecher begleet fir si a Sports- oder Museksveräiner anzeschreiwen.

Wann Dir eis duerch Äert Engagement an dem Grupp wëllt hëllefen, sidd Dir häerzlech wëllkomm.
Umelle kënnt Dir Iech op de GSM-Nummeren:

GSM: 621 137 065 (Monique Kass)

Och finanziell kënnt Dir eis ënnerstëtzen mat engem Don op follgend Kontosnummeren:

  • Reech-eng-Hand, Differdange
    CCPLLULL LU90 1111 7117 7889 0000
  • Fondation Ste Irmine mat der Mentioun: Reech-eng-Hand, Differdange (wichteg)
    CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 (vun de Steieren ofsetzbar)

Fir weider Froen, sti mir Iech och gär op deenen uewe genannten Telefonsnummeren zur Verfügung!

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement